Nei Entitéite sollen d'Aktivitéite vun Oktober un assuréieren

RTL-Informatiounen no sinn de Premier Frieden an d’Ministere Bettel, Roth, Hahn, Meisch an Deprez nach emol zesummekomm, fir iwwert d'Caritas ze beroden.
Wéi et heescht géing un de leschten Elementer geschafft ginn, fir an den nächste Wochen eng definitiv Léisung kënnen op den Dësch ze leeën. D’Zerwisser vun der Caritas sollen jo trotz der Verontreiungs-Affär weider assuréiert ginn, ouni datt de Staat fir déi 61 Milliounen, déi verontreit goufen, muss opkommen. Dat hat de Premier Luc Frieden Ufanks vum Mount annoncéiert.
Eisen Informatiounen no leeft et dorobber eraus, datt déi betraffen Entitéite vun der Caritas mam finanzielle Lach, dat se elo hunn, liquidéiert ginn. Nei Entitéite géingen iwwerdeems déi Zerwisser iwwerhuelen a vun Oktober un operationell sinn. Dat alles setzt eng Rei Demarchë viraus: D’Konventioune musse nei gemaach oder d’Salariéen transferéiert ginn, fir just dat ze nennen. Déi geschwënn Ex-Entitéite mussen awer och nach am September iwwergangsméisseg weider funktionéieren.
Un de leschten Elementer gëtt nach wéi gesot geschafft. Sécher ass just schonn, datt d’Membere vun der Direktioun vun der Caritas bei den neien Entitéiten net méi dobäi wäerte sinn.
Bei der Caritas sinn eleng d’Fondatioun an "Accueil et solidarité" betraff, also mussen eleng d’Zerwisser am Beräich vun der Betreiung vu Leit a prekärer Situatioun an am Beräich vun der Kooperatioun reorganiséiert ginn. D’Zerwisser am Beräich vun der Kannerbetreiung – déi vun "Enfants, jeunes et familles" - si getrennt a fueren normal virun.
BBVA hat scho Restriktiounen op de Konte mat Sue vun der Caritas