BBVA hat scho Restriktiounen op de Konte mat Sue vun der Caritas

Déi spuenesch Bank, bei där d’Konte sinn, op déi déi verontreit 61 Milliounen € vun der Caritas iwwerwise goufen, hat ons bis ewell keng Erklärunge ginn.
Lo huet d’BBVA dem Tageblatt an dem spueneschen Onlinesite "infolibre" e geschriwwene Statement geschéckt.
Ewéi et hei heescht, hätt d’spuenesch Bank op de "betraffene Konten" Restriktiounen imposéiert, schonn iert se vun der Affär héieren hat. D’BBVA schreift och, datt se "all d’Protokoller a Prozeduren" applizéiert, esou ewéi d’Regulatioune géint de Blanchiment a Frauden. Et géing een eng Rei Kontrolle maachen, fir z’assuréieren, datt hir Produiten a Zerwisser ni fir Zwecker benotzt ginn, déi illegal wieren oder d’Reegele net géinge respektéieren.
Dës Deklaratioune vun der BBVA beäntweren allerdéngs eng Rei Froen net: Wéini d’Bank da vun der Affär héieren huet oder virun allem, ob nach Gelder op de Konte sinn, op deene Restriktiounen applizéiert gi wieren. D’BBVA nennt den Dateschutz als Grond, firwat se keng weider Detailer wéilt erausginn.
Ewéi d’BGL BNP Paribas an d’Spuerkeess esouvill Transferten a Kreditlinne konnte validéieren ouni, datt rout Luuchten ugaange sinn, ass och nach net gekläert.
D’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz CSSF ass amgaang, dat ënnert d’Lupp ze huelen. D’Lëtzebuerger Banke wëllen näischt iwwert d’Caritas-Affär soen, well d’Justiz enquêtéiert. Ewéi et jo heescht "op Héichtouren"
Eng juristesch a politesch Affär
Den 19. Juli ass d’Caritas-Affär geplatzt, ewéi bekannt gouf, datt den Direkter vun der Fondatioun Marc Crochet eng Plainte wéinst Détournement géint eng héich placéiert Mataarbechterin gemaach huet. Just 3 Deeg drop huet sech d’Finanzcheffin vun der Caritas der Police gestallt, mee huet sech, via hiren Affekot, als Affer duergestallt.
D’Justiz huet bis ewell just d’Piste vum “Presidententrick” genannt.
Fir datt d’Zervwisser vun der Caritas kënne virugoen, huet de Premier Luc Frieden Léisungen fir September ugekënnegt. Allerdéngs géing de Staat net fir déi Suen opkommen, déi verontreit goufen. E Krise-Comité bei der Caritas ass iwwerdeems amgaang – zesumme mat der privater Auditfirma PwC - d’Fondatioun ze reorganiséieren, fir se virum Enn ze retten.