Ronn Dausend Poliziste ware fir d'Poopstvisitt am Asaz
Sniper, déi komplett Hondsstaffel a souguer eng belsch Spezialunitéit waren d'lescht Woch fir de Besuch vum Poopst an der Stad.
Egal ob een dofir oder dogéint ass - d’Missioun vun der Police ass et, bei all Staatsvisitt d’Sécherheet vum Gaascht, senger Delegatioun an de Leit ronderëm d’Visitt ze garantéieren. Am Fall vun der Poopstvisitt war de Sécherheetsniveau besonnesch héich.
Ronn 1.000 Polizisten hunn um Dag vun der Visitt dofir gesuergt, dass den Dag ouni Virfall verleeft. D'Spezialunitéit vun der Police, d’USP, war responsabel fir "d’Garde rapproché” vum Poopst. Op Distanz waren “Tireurs d’élite” - also d’Sniper - op verschiddenen strategesche Punkte positionéiert. Déi belsch Spezialunitéit huet de Lëtzebuerger eng Hand ugepaakt.
E “Quick Reaction Team” war um Glacis positionéiert. Am Fall vun enger gréisserer Interventioun hätt d’Unitéit am Lenko, engem gepanzerte Won, a mat zwee duebel bemannte Motorrieder direkt kënnen intervenéieren.
Wéi vill Poliziste vun der Stroossepolice (UPR) de 26. September am Asaz waren, si mer net genee gewuer ginn. Gewosst ass just, dass dës Unitéit fir 65 Eskorten iwwer den Dag responsabel war.
D'K9-Grupp, also d'Hondsstaffel, war deen Dag quasi komplett am Asaz. All Hondsmeeschter mat Hond, deen op d'Erschnüffele vu Sprengstoff a Waffen trainéiert ass, war op der Plaz. Och ronn 150 Poliziste vum service d’ordre waren iwwer de ganzen Dag um Parcours vum Poopst ënnerwee.