An de soziale Medie mécht den Ament ee Video den Tour, dee virgëtt, vun RTL ze sinn. Heibäi handelt et sech allerdéngs ëm eng Arnaque.

Z'erkennen ass de Fake-Video schonn op den éischte Bléck doduerch, datt en net vun enger offizieller RTL-Säit publizéiert gouf, mee vun engem "James Burnip", dee senger Säit no een australesche Museker soll sinn.

Och den Text, deen iwwert de Video geluecht ass, léisst ee stutzeg ginn. Ze liesen, steet hei, an enger opfälleg falscher Grouss- a Klengschreiwung: "GUiLLAUME: "DiES iST EiN NEUER ABSCHNiTT iM LEBEN EiNES JEDEN LUXEMBURGERS". Net just ass den Text net an der RTL-Schrëftaart geschriwwen, en ass och op Däitsch geschriwwen - e weidere kloren Indice dofir, datt et sech bei dem Video-Post, dee mat "Nur für Luxemburger" betitelt ass, ëm ee Fake handelt.

Hei de Video vun der Arnaque
An de soziale Medien zirkuléiert ee falsche Video.

Kuckt ee sech de Video un, esou gëtt kloer, datt als Basis een tatsächlechen RTL-Video geholl gouf, deen dann awer mat enger neier Stëmm iwwerspillt gouf. Hei ginn der RTL-Presentatrice Lynn Cruchten, déi d'Noriichten ëmmer op Lëtzebuergesch moderéiert, däitsch Wierder an de Mond geluecht.

Am tatsächleche Video, dem RTL-Newsflash vum 8. Oktober, dee mer och hei an den Artikel integréiert hunn, geet et ëm d'Vereedegung vum Ierfgroussherzog Guillaume als Lieutenant-Representant. Am falsche Video an de soziale Medie ginn d'Biller awer benotzt, fir ze maachen, wéi wann den Ierfgroussherzog Guillaume an der Chamber Reklamm fir eng Plattform gemaach hätt, mat där d'Lëtzebuerger "hir Scholde bannent engem Mount ofbezuelen" an "an d'Pensioun goe" kéinten.

Dëst ass offensichtlech erfonnt an dorop ausgeriicht, guttgleeweg User unzeschmieren.

Hei de Video, deen tatsächlech op RTL diffuséiert gouf
Déi wichteg Noriichte vum Dag zesummegefaasst mat der Météo.

Zu gudder Lescht féiert de Link, deen zum Schluss vum Fake-Video steet, dann och nach op eng falsch Säit, déi am RTL-Stil opgebaut ass. Dorop fënnt een en "Artikel" an deem déi groussherzoglech Famill, a virop den Ierfgroussherzog Guillaume, fir eng Krypto-Plattform Reklamm ze maache schéngt. Ma och dat ass erfonnt.

Wien hei net oppasst, lant per Hyperlink séier op enger Säit, op där een opgeruff gëtt, Suen ze "investéieren". Versprach gëtt, datt sech déi Sue "wéi duerch ee Wonner" bis zum Enn vum Dag verduebele géifen, bannent Deeg souguer verzéngfachen.

Mat engem Retour op dës Investitioun sollt een awer net rechnen.

RTL

An dëser Fënster probéieren Onéierlecher op der Bedruchssäit un hiren Affer hir Donnéeën a Suen ze kommen. (Link geblurred) / © Screenshot