Ried vum Fernand Kartheiser geet géint Linn vun der ADR, esou de Kulturminister

D'EU-Parlament zu Stroossbuerg /
Image
Wikimedia / Diliff
Lëtzebuergesch am EU-Parlament - dat gëtt et u sech net. De Fernand Kartheiser wëll dat awer änneren. Eng Annonce, déi fir vill Diskussioune gesuergt huet.
E Méindeg den Owend huet den EU-Deputéierten Fernand Kartheiser wëlles an der Stroossbuerger Plenière eng Ried op Lëtzebuergesch ze halen - eng Première an deem Gremium, well eis Nationalsprooch jo net de Statut vun enger vun de 24 offiziellen EU-Sproochen huet.
Am RTL-Interview stellt de Kulturminister Eric Thill fest, datt de Fernand Kartheiser mat dësem Manöver u sech géint d'Linn vu senger Partei der ADR geet.
"Ech huelen awer zur Kenntnis, dass dem Här Kartheiser seng Interventioun haut am Europaparlament contraire ass zu den Aussoe vum ADR dëst Joer am Januar an der Chamber, wou mer och doriwwer diskutéiert hunn, wou et ëm d'Unerkennung vun der Lëtzebuerger Sprooch och gaangen ass, wou den ADR genau dat gefrot huet, deemools awer ouni d'Iwwersetzung. An haut ass dat da grad de Géigendeel, wou dann eeben elo soll mat Iwwersetzung dat da geschéien."
D'Fro stellt sech, wéi d'Regierung da wëll d'Lëtzebuerger Sprooch international stäerken a promouvéieren - do léisst sech den DP-Kulturminister net an d'Kaarte kucken a verweist op eng "pragmatesch" Léisung, déi den Ament a sengem Ministère ausgeschafft an dann dem Regierungsrot virgeluecht gëtt - e Pabeier mat juristeschen, sozial-sproochlechen an aussepoliteschen Aspekter.
"Mir sinn houfreg op eis Méisproochegkeet, houfreg op eis Lëtzebuerger Sprooch, an et geet ganz kloer drëms, fir hei am Beräich vum Méiglechen eise Lëtzebuerger geliefte Patrimoine, soen ech elo mol, och op europäeschem Niveau ze fërderen, ze stäerken. Dat ass d' Iddi hannendrun."
Un der Regierung ass et deemno ze definéieren, wéi d'Lëtzebuergescht international méi visibel gëtt.
Den EU-Deputéierte Kartheiser mécht et mat senger Ried op Lëtzebuergesch op seng Manéier. Verschiddener schwätze vun engem Stunt oder engem Show- an Theater-Element.
D'Reegelen am EU-Parlament sinn de facto kloer: eng Ried muss an enger vun de 24 EU-Amtssprooche gehale ginn, am anere Fall dierft de Mikro ausgeschalt ginn. Ze kucke bleift, wat e Méindeg den Owend zu Stroossbuerg dann an der Causa Kartheiser geschitt. Absënns d'spuenesch Deputéiert dierfte mam Bléck op d'Katalounescht nolauschteren.