Zu enger sproochlech cocasser Situatioun kënnt et d'nächst Woch am Europaparlament.

Do wäert de Fernand Kartheiser seng Ried op Lëtzebuergesch halen - eng Première an der europäescher Plenière. Wéi et vum neigewielte konservativen EU-Deputéierten heescht, wier dëst fir hien e konkrete Schrëtt, fir datt de Stellewäert vum Lëtzebuergesche soll opgewäert ginn an dat obwuel eis Landessprooch keng offiziell EU-Sprooch ass.

Et wier fir de Fernand Kartheiser interessant ze kucken, wéi dann d'nächst Woch op seng Lëtzebuergesch Ried am Plenum reagéiert gëtt. Am Virfeld hat den ECR-Deputéierte proposéiert, datt Lëtzebuerger Deputéiert kéinten hir Interventiounen an hirer Landessprooch maachen a parallel géifen d'Traductioun an den Iwwersetzungsbüro ginn, esou datt weider keng Käschten entstinn. D'Regierung Frieden/Bettel plangt iwwerdeem net, fir d'Lëtzebuergescht de Statut vun enger europäescher Sprooch ze froen.