WanteraktiounLeit aus dem Ausland anescht encadréieren

Jean-Marc Sturm
Erkläerten Zil vun der Wanteraktioun ass, dass kee Sans-abri hei am Land bei Minustemperaturen op der Strooss muss bleiwen.
Wanteraktioun leeft un
Erkläerten Zil vun der Wanteraktioun ass, dass kee Sans-abri hei am Land bei Minustemperaturen op der Strooss muss bleiwen.

Hannert der Wanteraktioun steet d’Dräieck-Asbl mat Interaction, dem Roude Kräiz an neierdéngs och HUT, mat der Ënnerstëtzung vum Familljeministère, deen dëst Joer eng budgetär Enveloppe vun 2,6 Milliounen Euro bereetstellt.

D’Wanteraktioun ass fir all Kéier 5 Méint geplangt. Do ass een awer jee no Temperature ganz flexibel, esou de Familljeminister Max Hahn.

“D’Wanteraktioun huet eng Capacitéit vun 250 Better, déi d’lescht Joer schonn op 300 an d’Luucht gesat ginn ass. Donieft hu mer dobaussen nach Zelter zejoert missen installéieren, fir kënnen der grousser Demande nach nozekommen. Mir hu virun allem d’lescht Joer och festgestallt, dass ganz vill Leit ganz nei hei waren, déi och dem Sozialsecteur net bekannt waren. Nom Debriefing vum leschte Joer huet och de Sozialsecteur gesot, dass mir mussen eppes adaptéieren, well mir ganz vill Zoulaf hunn och vun anere Länner.”

D’Wanteraktioun huet eng Capacitéit vun 250 Better, déi d’lescht Joer schonn op 300 an d’Luucht gesat ginn ass.

Vun 2.200 Beneficiaire waren zejoert bal 70% nei Clienten an de Gros vun deenen Leit, déi deels vu ganz wäit bausse Lëtzebuerg an d’Land komm sinn.
Och déi Persoune kréien ouni Virbedéngung een Ënnerdaach fir op d’mannst 3 Deeg. Dono gi se weider orientéiert.

Obdachlos zu Lëtzebuerg: Sans-abrien temoignéieren iwwer d’Liewen op der Strooss

Back to Top
CIM LOGO