D'Policegewerkschaft ass absolut net d'accord mat den Aussoe vun de Justiz- an Inneministeren op eng parlamentaresch Fro iwwert de Prisonéier-Transport.

Anescht wéi et an der Äntwert vun den CSV-Ministere Léon Gloden an Elisabeth Margue heescht, géif den aktuelle System dem nationale Syndicat vu der Police (SNPGL) no net gutt funktionéieren. D'Aarbechtskonditioune vun de Police-Agente wieren inacceptabel an d'Manéier, wéi se organiséiert wieren, géifen d'Agenten ënnert enormen Drock setzen an héije professionelle Risiken aussetzen.

Obwuel am Koalitiounsaccord festgehale gouf, datt verschidden Tâchen, wéi eben de Gefaangenentransport an Zukunft ouni Poliziste soll kënnen organiséiert ginn, bedauert d'Gewerkschaft, datt sech näischt deet. Et wier elo un der Zäit, konkret Mesuren ëmzesetzen, fir eng Léisung ze fannen, fir e Problem, dee scho vill ze laang dauere géif, heescht et nach am Schreiwes vun der Policegewerkschaft.