De Procureur général d'état geet op d'Kritik vun der Stater Buergermeeschtesch an a confirméiert, datt vill kleng Affäre musse fale gelooss ginn.

Hätt d'Justiz genuch Riichter, da géing et un de Säll fir d’Sëtzunge feelen... An ëmgedréint. "Dat ass de Resumé", sot d’Martine Solovieff e Mëttwoch no hirer Ried op hirer leschter Neijoerschreceptioun als Procureur général d’État. Si iwwerléisst dee Posten den 1. Februar dem John Petry. D’Martine Solovieff huet no hirer Ried virun de Mataarbechter vun der Justiz am RTL-Interview op d'Remark vun der Stater Buergermeeschtesch, déi e Méindeg Invité vun der Redaktioun war, reagéiert.

D'Lydie Polfer sot, et géing kee Suivi gemaach gi bei den Affären, wat zu engem Gefill vun Immunitéit géing féieren. D’Martine Solovieff sot: "Vue datt mir e Manktem hu vu Leit, vu datt mir e Manktem hu vun Enquêteuren, kënne mir wierklech nëmmen déi wichteg oder déi grouss Affären tatsächlech an d’Enquête an an d’Instruktioun ginn." D'Justiz kéint sech "wierklech net mat Klengegkeeten ofginn". Hiren Appell wier sech "op déi grouss Kriminalitéit an de Stied" ze konzentréieren.
 
An hirer Ried huet d’Martine Solovieff eng ganz Rei Zuelen opgezielt, fir d’Situatioun z’illustréieren: 32 nei Poste fir Magistrate wiere dat lescht Joer geschaaft, mee 32 net besat ginn. Dobäi kéime 16 Congéen. Par Rapport zu den 307 Riichter*, déi aktiv sinn, géingen deemno 17 Prozent feelen. Anert Beispill: 2.880 Dossiere wiere bei de Parqueten am Stock, also prett fir an d'Sitzung, mee géingen am Schaaf verschwannen. D'Police Judiciaire, also d'Enquêteuren, géinge bei honnerten Affären an de respektive Beräicher "ënnergoen".
 
Fir de Procureur général d’état wier bei der PJ net genuch rekrutéiert ginn an de Beruff wier net attraktiv genuch "mä dat si politesch Decisiounen". D'Martine Solovieff sot awer och, d'Justiz wier trotzdeem "do", "reaktiv", wann eppes geschitt. Et wier duerno wann eng Instruktioun also eng Enquête gemaach gëtt, wou d'Justiz méi lues wier. Et misst een och dozou kommen, datt manner Sitzungen verluecht ginn.
 
D'Justizministesch Elisabeth Margue hätt dat verstanen, esou d’Martine Solovieff. Ass dat esou? D’Ministesch huet dat confirméiert: En Aarbechtsgrupp géing – op Recommandatioune vum Gafi (dem Groupe d’action financière géint Geldwäsch vum Europarot) hin Ännerungen am Code de procédure pénale ausschaffen, déi méi kuerz oder mëttelfristeg kéinten ëmgesat ginn: zum Beispill d’Erweiderung vun der "Mini-Instruktioun" oder d'Aféiere vun enger "procédure de règlement".

Méi Riichter a méi Leit
 
D'Prozedure sinn eng Saach, zeréck bei déi aner Problemer: Personal- a Plazmanktem. Etüden, fir eng nei Cité Judicaire ze bauen, wieren "elo Mol" lancéiert ginn, esou d’Elisabeth Margue. Antëscht hätt de Finanzministère scho nei Gebailechkeeten identifizéiert, wou d'Justiz kéint an den nächsten zwee bis dräi Joer ënnerkommen, wann och d'Finanzéierungsgesetzer gestëmmt sinn. Eng Rei Servicer si scho geplënnert.
 
Wat d'Personal ubelaangt, huet d’Martine Solovieff d'Chamber gebieden, d'Reform vum Gesetz iwwert d'Attachéen – also zukünfteg Riichter – séier ze stëmmen. Aner Krittären an d'Unerkennung vun Erfarung a Verwaltungen oder am Privatsecteur sollen dozou féieren, datt manner Riichterstill eidel sinn oder Riichter fir verschidde Chamberen, also Affären, musse permanent asprangen.

Neijoerschreceptioun Justiz / Reportage François Aulner

*An enger éischter Versioun hate mer eng Null ze vill an hu vun 3.007 Riichter geschwat.