
Dat deelt d’Direktioun vum LNS, ënnert dem Vizepresident Dr. Jean Claude Schmit mat. Ënnerstëtzt a senger Funktioun gëtt hie vum Dr Thomas Dentzer, Chief Operation Officer, an dem Safaâ Moujahid, Chief Financial and Administrative Officer beim LNS. Zënter 2023 leede si d’Poste vum Directeur adjoint an haten d’Spëtzt zënter Mäerz 2024 temporär iwwerholl.
Nëmmen ee Mount no senger Nominatioun hat de Michel Toungouz Nevessignsky Enn Mäerz 2024 vum Posten als Generaldirekter demissionéiert. Dat selwecht hat och d’Presidentin vum Conseil d’administration, d’Evelin Schröck, gemaach.
Hei de komplette Communiqué vum LNS!
Nationale Gesondheetslaboratoire: Neien Direkter demissionéiert no ronn engem Mount