Nationale GesondheetslaboratoireNeien Direkter demissionéiert no ronn engem Mount

RTL Lëtzebuerg
Op der leschter Reunioun vum Conseil d'administration vum LNS wier een op déi verschidden Erausfuerderungen agaangen, mat deenen ee konfrontéiert ass.
© Domingos Oliveira

Wéi et an engem Schreiwes vum LNS heescht, zielen dozou ënner anerem d’Reduzéierung vun den Delaie bei den Traitementer an der Genetik an der Anatomopathologie, grad ewéi de Prozess vun der Akkreditéierung vun de jeeweils zoustännegen Departementer.

Well et, fir dës Erausfuerderungen unzegoen, e komplett neie strateegesche Plang bräicht, hunn esouwuel d’Presidentin vum Conseil d’administration, d’Professorin Evelin Schröck ewéi och den Direkter vum LNS Michel Toungouz Nevessignsky hir jeeweileg Demissioun annoncéiert. De Michel Toungouz Nevessignsky war eréischt op den 1. Februar neien Direkter vum LNS ginn.

Bis en neien Direkter feststeet, gëtt den LNS vun de Vizedirekteren Thomas Dentzer a Safaâ Moujahid geleet. Dat ënnert der Responsabilitéit vum Vizepresident vum Verwaltungsrot, dem Dokter Jean-Claude Schmit.

Back to Top
CIM LOGO