Boulevardpresse Sàrl mécht FailliteEt ass eriwwer mat "Lëtzebuerg Privat" a "Promi Lëtzebuerg"

RTL Lëtzebuerg
D'Gesellschaft Boulevardpresse Sarl vum Jean Nicolas, déi ënnert anerem déi Magaziner publizéiert, ass Faillite, esou eng Annonce an den Zeitungen.
© DUTCHPHOTO ANP MAGANP via AFP

Boulevardpresse krut iwwert d’Jore reegelméisseg Plaintë wéinst Diffamatioun a Calomnie a gouf och dacks zu Geldstrofe verurteelt. An enger Affär ëm e Verstouss géint d’Parteiefinanzéierungsgesetz krut d’Gesellschaft awer zesumme mam Pirat Daniel Frères e Fräisproch.

Lëtzebuerg Privat war eng sougenannt Tabloid-Zeitung, déi vill iwwert Rumeuren um Haff oder an der Politik a Mediewelt bericht huet. Se hat awer zum Beispill ënnert anerem als éischt doriwwer bericht ewéi d’deemoleg Staatssekretärin Francine Closener mam Déngschtauto an d’Vakanz gefuer war.

Viru bal 20 Joer, am November 2006 koum déi éischt Lëtzebuerg Privat eraus. Se koum all Woch eraus, bis se viru puer Joer just nach eemol de Mount am Kiosk war.

Back to Top
CIM LOGO