D'Piratepartei kënnt am Rapport iwwer d'Finanzéierung vun de Parteie vun der Cour des Comptes net gutt ewech.

Eng Annonce an engem Boulevard-Blat. An eng Zomm iwwer 30.000.

Um éischte Punkt sinn d'Pirate mam Avis averstanen, si begréissen dass d'Affär un de Parquet geet. Beim zweete sinn si anerer Meenung. A béide Fäll steet ee Mann am Fokus.

Den Daniel Frères setzt sech fir d'Déieren an. A bei de Piraten. Den Daniel Frères war ze gesinn um Titelblat an um Réck vun dësem Magasinn, kuerz virun den Europawalen am Mee zejoert. An op de Säite bannendran. Dës Duebelsäit mécht senger Partei elo nodréiglech Problemer.

De Sven Clement, Deputéierte vun der Piratepartei:

''Et ass net an der offizieller Corporate Identity. Et ass mat engem Slogan drop, deen net Deel vun eiser Campagne war. An et ass virun allem net sollicitéiert ginn. Mir hu Kenntnis dovunner geholl, wéi meng Schwëster mir moies vun enger Pompelstatioun aus eng Foto geschéckt huet, wou si déi Pub gesinn huet. Dunn hunn ech nogefrot, ob mir déi an Optrag ginn hätten an du krut ech vu jidderengem gesot: nee!''

Och vum Daniel Frères. Deen hat um Dënschdeg keng Zäit fir en Interview. Hien hätt awer wuel scho berufflech mam Medienhaus ''Boulevardpresse'' ze di gehat, hätt engem Interview zougestëmmt.

An engem Bréif un d'Cours des Comptes schreift d'Medienhaus: dem Daniel Frères säin Asaz fir d'Déiere géif een zanter Jore fräiwëlleg ënnerstëtzen. Eng Rechnung gouf ni ausgestallt.

De Verdikt vum Rechnungshaff: et ass en Don vun enger Personne morale, enger Firma. Dem Parteifinanzéierungsgesetz no: illegal! D'Affär ass beim Parquet. D'Pirate begréissen dat.

Net awer den Avis vun der Cour des Comptes iwwer eng 30.700 Euro, déi den Daniel Frères aus eegener Täsch fir d'Walcampagne bezuelt hat. D'Préiwer akzeptéieren dat net als Spend. Si zielen dës Zomm also net bei déi global Recettë vun der Partei am Joer 2018 bäi. Domat wäre knapps 87 Prozent vun de Sue vun der Parteizentral vum Staat gewiescht. D'Parteifinanzéierungsgesetz vun 2007 erlaabt maximal 75 Prozent. D'Pirate maachen eng aner Rechnung.

''Mir hunn do och en Avis juridique vun eisen Affekoten déi ganz kloer soen, dass mir esouguer an der Obligation légale sinn, fir déi Suen ze comptabiliséieren, well et ass een Don.''

Muss d'Piratepartei elo Suen un de Staat zeréckbezuelen?

De Premier Xavier Bettel:

''D'Chancen si grouss, dass ech och a Richtung ginn, vun enger Autoritéit, déi onofhängeg ass, an déi zu där Conclusioun komm ass.''

Wann de Premier sech esou decidéiert, da wäert d'Piratepartei wuel a Recours goen.

Wéi dierfen d’Parteie sech finanzéieren?

Ënner wéi enge Bedingunge dierfe se Geld- an aner Spenden unhuelen a wéi vill finanziell Ënnerstëtzung kréie se eigentlech vum Staat?

Déi Äntwerte sinn an der Haaptsaach iwwer d’Gesetz vun 2007 gereegelt.

100.000€ d’Joer ginn et fir all Partei:

  •  déi bei de leschte Chamberwalen an alle 4 Bezierker, grad esou wéi bei den Europawale mat enger kompletter Lëscht ugetruede sinn
  • A bei béide Walen op d'mannst 2% vun de Stëmme kruten.

11.500€ ginn et fir all zousätzleche Prozent-Punkt. Dat souwuel bei de Chamberwalen, wéi och bei den Europawalen. Déi sinn allerdéngs och u Geschlechterquote gebonnen.

  • Chamberwalen: 40% Fraen
  • Europawalen: 50% Fraen

Wa mer elo um Beispill vun de Piraten illustréiere géifen: 

Bei de Chamberwalen 2018 krute si 6,45% vun de Stëmmen, bei den Europawalen 7,7%: Bedeit also, datt se 2020 normalerweis 100.000€ kréien, well se all Kéier de Minimum vun 2% erreecht hunn

Da kréie se vu béide Walen awer nach fir jidder zousätzleche Prozent-Punkt 11.500€ bäi. An dësem Fall mécht dat eng 100.337€ Hei ass schonn e klengen Ofzuch virgesinn, well hinnen eng Fra op der Lëscht vun den Europawale gefeelt huet. Da si mer bei engem Total vun 200.337€, déi d’Piraten am Joer vum Staat kréien. Dës staatlech Dotatioun dierf am Ganzen awer net méi wéi 75% vun de Revenue vun der zentraler Struktur vun der Partei ausmaachen. Dat heescht, d’Pirate mussen op d’mannst 67.000€ selwer erwirtschaften.

Wéi dierf eng Partei sech da lo finanzéieren?

Do ginn et eng Rei Méiglechkeeten, zum Beispill:

-Duerch d’Cotisatioun vun de Memberen

-d’Mandataire kënne Sue bäisteieren

-et kann en Akommes sinn, dat zum Beispill duerch Immobilie generéiert gëtt, dat der Partei gehéiert

-duerch den Erléis vu Manifestatiounen oder Publikatiounen

-awer och Composantes du Parti

-An natierlech och duerch Spenden.

An dës sinn awer och kloer geregelt:

  1. Just Spende vu physesche Persoune sinn erlaabt. Anonym Spenden oder Done vu Betriber, Organisatiounen an Associatioune dierfen d’Parteien net unhuelen. D'Pirate hunn de Feeler gemaach, sech vun enger Zeitung eng Annonce schenken ze loossen.

2. All perséinlech Spend vu méi wéi 250€ am Joer muss deklaréiert an opgelëscht ginn. Sief dat 250€ a Form vu Suen oder en nature, Kaddoen, Servicer. Ween dës Donen net deklaréiert, mécht sech strofbar.

D'Kontroll gëtt vum Rechnungshaff gemaach. Dëse kontrolléiert awer just, investigéiert awer net, ass also schwéier erauszefannen, ob alles deklaréiert gouf.

Elo ass awer eng Reform vum Parteiefinanzéierungsgesetz virgesinn:

Dat ass am Koalitiounsaccord virgesinn an d’Institutioune-Kommissioun vun der Chamber huet Enn Dezember eng Proposition de Loi deposéiert.

Hei goufe verschidde wonn Punkten iwwerschafft, déi duerch d’Piraten opkomm sinn. Doranner ass zum Beispill virgesinn:

  • Perséinlech Kampagnen (Beispill Daniel Frères) mussen an Zukunft detailléiert an de Bilane vun de Parteien notéiert ginn, soss si se illegal
  • Wann zwou Parteien oder Gruppéierungen mat enger gemeinsamer Lëscht an d’Wale ginn, mussen allebéid sech un d’Reegele vum Gesetz halen, dat war bis elo net kloer
  • Jidder Kandidat muss spéitstens ee Mount no de Walen eng Déclaration sur l’Honneur ofginn, datt en all d’Donen richteg deklaréiert hunn

Punkt fir Punkt Parteiefinanzéierungsgesetz
Am RTL-Journal huet d'Raphaëlle Dickes erkläert, wéi et mam Gesetz iwwer d'Parteiefinanzéierung steet.

Spendenaffär vun de Piraten elo eng Affär fir de Parquet

Et wier eng mouvementéiert Sëtzung gewiescht, esou den éischten Androck vun der CSV-Deputéierten Diane Adehm. Dat sot si no der Reunioun vun der Budgetskontrollkommissioun e Méindeg de Mëtteg an der Chamber.

D'Cour des Comptes huet hire Rapport iwwert d'Parteifinanzéierung virgestallt a bei der Piratepartei eng Rei Onreegelméissegkeeten thematiséiert, géint déi sech den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement, vehement gewiert hätt. Eng dovu soll elo dem Parquet virgeluecht ginn.

AUDIO: Parteifinanzéierung / Rep. Maxime Gillen (14.1.2020)

Rieds geet vun enger Pub, déi anscheinend ouni dass d'Partei dat wousst, an engem Boulevard-Blietche publizéiert gouf. Problematesch war heibäi, dass se vun enger Entreprise gesponsert war, wéi de President vun de Piraten, Sven Clement, erkläert. Konkret geet et ëm den Ost-Kandidat Daniel Frères, vun deem eng Wal-Reklamm 2018 ni an de Partei-Konten verrechent gi wier.
Sven Clement:„D'Partei huet en Don en nature vun enger personne morale kritt. Eppes, wat ganz kloer am Gesetz verbueden ass, mä wat och penal Konsequenze ka mat sech bréngen. Do huet d'Kommissioun haut unanime, och mat menger Stëmm, decidéiert, fir de Rapport un de Parquet weiderzeleeden an dann ass et um Parquet, fir z'ermëttelen, wien do d'Intentioun hat, fir d'Gesetz ze briechen."

Dem Marc Baum vun déi Lénk no wier et wichteg, esou Affären net duerchgoen ze loossen.

Marc Baum:„Ech mengen, mir hunn zu Lëtzebuerg glécklecherweis ee vun deene strengste Gesetzer, nämlech, dass kommerziell Done verbuede sinn. A mir musse ganz gutt oppassen, dass dat net duerch esou Machenschaften, wéi déi doten, ënnerlaf gëtt."

Op alle Fall stinn d'Pirate relativ eleng do an dëser Affär. Dem Diane Adehm no, der Presidentin vun der Kommissioun, wieren déi aner sech alleguerten eens.

Diane Adehm:„Ech mengen, mir sinn eis alleguerten eens, mat der Cour des Comptes zesummen. Et ass just eng Partei, déi net domadder d'accord ass. An dat ass déi, ëm déi et hei geet."

Eng Léier, déi d'Piraten aus dëser Affär zéien, wier op alle Fall déi, fir an Zukunft dorop ze pochen, och Bons de commandes ze gesinn, ier bestallt gëtt, esou nach Sven Clement.

D’Cour des comptes schreift iwwerdeems och an hirem Rapport, dass verschidde Comptabilitéits-Dokumenter vun de Piraten ni bei hinnen ukomm wären.