Gemeng Hesper confirméiertDisziplinaresch Mesure géint e Fonctionnaire, Dossier ass och beim Parquet

RTL Lëtzebuerg
Wat de penale Volet ugeet, sou hätt d'Gemeng den Dossier bei de Parquet ginn, heescht et e Freideg an engem Communiqué.
© RTL Archiv

D’Online-Plattform reporter.lu hat jo bericht, datt e Mataarbechter beim An- an Ausbadge systematesch abuséiert soll hunn. Domat huet de Mann dann och als Konsequenz manner geschafft, ewéi e misst. Weider Detailer kéint een awer net nennen, sou de Schäfferot an engem Communiqué.

Et hätt een den zoustännege Regierungskommissär mat der Saach befaasst. Deen hätt den Dossier examinéiert an en un de Conseil de discipline fir Gemengebeamte weidergereecht. Dee Gremium hätt an der Suite eng disziplinaresch Strof decidéiert, déi de Conseil elo misst ëmsetzen, heescht et weider am Schreiwe vun der Gemeng. Wéi eng Strof dat ass, gëtt net präziséiert.

Wat de penale Volet ugeet, sou hätt d’Gemeng den Dossier bei de Parquet ginn, heescht et am Communiqué.
Am nächste Conseil wëll de Schäfferot beim Gemengerot d’Autorisatioun froen, fir an der genannter Affär als Partie civile ze fungéieren.

Gemeng Hesper: Mataarbechter aus dem Personalbüro steet ënner Verdacht, bedrunn ze hunn

Back to Top
CIM LOGO