RTL-Finanzexpert Claude ArendBIL-Rumeur zirkuléiert scho méi laang op Finanzplaz

Pierre Weimerskirch
Grouss iwwerrascht wier ee vun dëser Nouvelle net, esou den RTL-Finanzexpert Claude Arend.
© RTL

Ënnert anerem d’Noriichtenagence Reuters huet um Freideg gemellt, dass den Haaptaktionär vun der BIL géing iwwerleeën, seng Parten ze verkafen.

De Claude Arendt am RTL-Interview

Op d’Froen, firwat grad elo iwwer e Verkaf spekuléiert gëtt an ob et e gudden Ament wier, dat ze maachen, sot de Claude Arend:

“Dat huet vläicht eppes mat den Orientatioune vum chineeseschen Aktionär ze dinn. Deen ass jo per se net eng Finanzfirma, mee éischter eng Firma aus dem Beräich Technologie, déi eng Zäitchen a China vläicht net méi grad ganz esou gutt gelidde waren, awer elo, no deenen Noriichte vun Deepseek, schéngt dat bei der Partei e Revirement an der Meenung ginn ze hunn. Do hu mer jo och gesinn, datt den Jack Ma, de Grënner vun Alibaba, deen eng Zäit verschwonne war, erëm opgetaucht ass an no bei der Parteiféierung ass. Vläicht denke se einfach, datt se elo e bësse Sue brauchen, fir anerwäerteg an hiren Haaptsecteur a China ze investéieren.”

Wat géif e Verkaf fir d’Clientë bedeiten?

Fir d’Clientë vun der BIL géif sech a priori elo mol näischt änneren, esou de Finanzexpert. Wa sech eppes géif änneren, géif dat an éischter Linn dovun ofhänken, wien neien Aktionär gëtt.

“Ech denke mer mol, huele mer elo mol un, et géif eng aner europäesch Bank eventuell Aktionär bei der BIL ginn, dann hätte se warscheinlech méi e stabillen Aktionär. Also wär dat fir d’Clientë vun der BIL éischter eng gutt Noriicht.”

Am Raum steet, dass déi 90 Prozent vun der BIL e wäert vun 3 Milliarden Euro hätten. Dat wier fir de Claude Arend net realistesch.

“D’BIL huet op den 30. Juni, dat sinn déi lescht Zuelen, déi mer hunn, eng ronn 100 Millioune Boni gemaach. Wa mer dat op d’Joer héichrechnen an da mol zéng, si mer mol optimistesch, géife rechnen, da wäre mer awer nach wäit ewech vun dräi Milliarden.”

Back to Top
CIM LOGO