Politmonitor (1. Deel)All d'Suerge vun de Leit wuessen, Haaptsuerg nach ëmmer de Logement

RTL Lëtzebuerg
D’Leit maache sech méi Suergen ewéi virun engem hallwe Joer. Dat geet aus dem 1. Deel vum neie Politmonitor vum Ilres am Optrag vun RTL an dem Wort ervir.
Politmonitor (1. Deel)
D’Leit maache sech méi Suergen ewéi virun engem hallwe Joer. Dat geet aus dem 1. Deel vum neie Politmonitor vum Ilres am Optrag vun RTL an dem Wort ervir.

Fir dës Ëmfro gouf eng representativ Stéchprouf vun 1.072 Lëtzebuerger vun iwwer 18 Joer per Telefon tëscht dem 7. an dem 14. November befrot.

Politmonitor (1) / Reportage François Aulner

Gréisst Suerg vun de Leit wier nach ëmmer den Zougank - oder net Zougank - zu bezuelbare Wunnengen. 3 Véierel vun de Befroten hunn dat als Suerg uginn. Hannendru kommen d’Entwécklung vun den Energiepräisser an d’Inflatioun. Méi ewéi d’Hallschent vun de Leit géinge sech Suergen iwwert den Zouwuess vum Trafic an iwwert d’Folge vum Klimawandel maachen.

“Et mécht sech jidderee vill Suergen awer jee no Thematik sinn et natierlech aner Profiller, déi sech jee no Situatioun, no Alter och emol méi oder manner Suerge maachen”, sou den Tommy Klein vun Ilres. Sou geséich een, datt jonk Leit sech manner Suergen iwwert déi wirtschaftlech Situatioun oder den Zesummenhalt an der Gesellschaft maachen ewéi eeler Leit.

Stéchwuert Zesummenhalt: Dee wier fir zwee Drëttel vun de Befrote “schwaach” an d’Hallschent vun de Leit géing d’Gesellschaft als ongerecht empfannen. Just 44% géinge se gerecht fannen. Mee de Begrëff “Zesummenhalt” géing dem Tommy Klein no ënnerschiddlech ugesi ginn: Fir déi eng wier vläicht en Zesummeliewe vu verschiddene Kulturen, mee fir anerer wier et eng Fro vu Finanzen an Ongerechtegkeetsgefill.

Am meeschte gewuess wier iwwerdeems d’Suerg iwwert d’Sécherheet hei am Land. Waren et am Mee dëst Joer nach just 30% vun de Befroten, déi dat als Suerg uginn hunn, sou waren et am November 43%. Déi Hausse erkläert sech den Tommy Klein doduercher, datt d’Sécherheet vu ville Parteien thematiséiert géing ginn an op de soziale Reseauen ëmmer méi Bäiträg géing ginn, déi op eng Verschlechterung vun der Situatioun géingen hindeiten.

Aus dem éischten Deel vum Politmonitor geet och ervir, datt dräi Véierel vun de Leit d’Vertrauen hätten, datt se am Gesondheetssecteur allgemeng gutt versuergt wieren, iwwerdeems awer just 17% der Meenung wieren, datt de Secteur genuch Personal hätt.

Wat den Zenario vun engem atomaren Ugrëff ugeet, wieren 59% vun de Leit besuergt, dorënner 19% ganz besuergt.

Am zweeten Deel um Mëttwoch geet et méi am Detail ëm déi finanziell Situatioun vun de Leit, d’Tripartite vu September, mee och ëm wat d’Leit vu konkrete politesche Proposen halen ewéi zum Beispill eng Upassung vun de Steierbarèmen un d’Inflatioun oder nach eng Deckelung vum Index.

D’Detailer wéi ëmmer op Alia.lu

D’Detailer iwwert d’Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir hei ënnert dësem Link oder och op

Alia.lu

PDF: All d'Zuele vum Politmonitor am Detail

Back to Top
CIM LOGO