
Wéinst dem ville Schnéi deen zu Wien gefall ass, huet d’Luxair Flich tëscht Lëtzebuerg a Wien, also dohin an zeréck, fir e Freideg ofgesot.
Betraff si follgend Flich:
• LG8851 an LG8852
• LG8853 an LG8854
• LG8857 an LG8858
D’Passagéier vun de betraffene Flich goufen dann och schonn informéiert, d’Luxair géif mat de Clienten zesummen fir Ersatzflich kucken. D’Luxair entschëllegt sech bei de Passagéier fir d’Ëmstänn.