Een DoudegenBeim Parking ënnert der Philharmonie gouf um Donneschdeg de Moien eng Läich fonnt

Andy Brücker
D'Police an de Parquet hunn déi Informatioun RTL géintiwwer bestätegt.

Um Donneschdeg de Moie kuerz virun 8 Auer huet eng Policepatrull eng Läich fonnt, dat am Tunnel beim European Convention Center Luxembourg um Kierchbierg, méi genee beim Parking ënnert der Philharmonie.

De Parquet huet d'Police judiciaire mat enger Enquête beoptraagt. Eng Autopsie gouf ugefrot, fir déi genee Doudesursaach an d'Identitéit vun der Persoun festzestellen.

Back to Top
CIM LOGO