Dëse Cours ass à la base an dräi Deeler opgedeelt. D’Kanner léieren den Alldag an d’Erausfuerderunge vum Journalismus kennen, schwätze mam Journalist iwwer d’Verbreede vu Fakenews a gi spilleresch fir béid Sujete sensibiliséiert.
Eng vun de groussen Erausfuerderungen, déi d’Journaliste probéieren, de Kanner bäizebréngen, ass, datt verschidden Noriichten net ëmmer honnertprozenteg richteg oder honnertprozenteg falsch sinn. Et kënnt an de Medien ëmmer mol nees vir, datt een op Situatiounen trëfft, an deenen eppes hallef wouer an hallef onwouer ass. Ee Beispill dovu sinn d’Hybridmeldungen, bei deenen de Kär vun der Noriicht zwar wouer ass, mä si kënne verzerrt duergestallt ginn.
Eng weider Erausfuerderung fir d’Journalisten ass, fir d’Meldungen an d’Meenungen net mateneen ze vermëschen. Bei RTL Lëtzebuerg gëtt dëst esou gehandhaabt, datt d’Meldungen an d’Noriichten de Sachverhalt an d’Situatioune beliichten, wärend d’Journalisten zu dëse Meldungen an Noriichten an de “Commentairen” oder den “Tëscheriff” hir Meenunge kënnen äusseren.
Dat kréien d’Kanner an de Coursen och gewisen an erkläert, datt et net ëmmer méiglech ass, fir iwwer all Aspekt vun enger Noriicht ze beriichten. Esou kann et virkommen, datt jee no Sujet eng Säit méi beliicht gëtt, wéi déi aner. Dëst kann dann dozou féieren, datt een zum Beispill iwwer eent an dat selwecht Evenement op ënnerschiddlech Manéiere beriichte kann.