Déi lescht Etapp fir MineurenAlles roseg zu Dräibuer a Co?

RTL Lëtzebuerg
Ëmmer rëm ginn et Rumeure ronderëm de Centre socio-éducatif de l'Etat.

Et ass rieds vun Drogen, Geschlechtsverkéier a Gewalt. Dat ganz tëscht de Jugendlechen, wéi och tëscht Jugendlechen a Personal. Déi nächst Deeg wäerte fréier Mataarbechter vum CSEE hir Geschichten erzielen. Hei kommt Dir direkt op den éischten Deel. Mee fir d’éischt mol e klenge Background, wat de CSEE iwwerhaapt ass.

Verdeelt op dräi Sitten zu Dräibuer, Schraasseg a Buerglënster sinn den 1. Juli 2023 83 Jonker placéiert. Den Ament sinn awer just 64 Pensionnairen, wéi déi Jonk am CSEE genannt ginn, present. Déi aner bal 20 Jugendlecher wieren an enger “Mesure de congé” also zum Beispill iwwert de Weekend bei der Famill.

De CSEE ass eng sozial Struktur, déi ënnert dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugendlecher steet. Hei gi Mineure vum Geriicht placéiert, wa si aus ënnerschiddleche Grënn net méi bei hirer Famill liewe kënnen oder zum Beispill schwéier stroffälleg gi sinn.

E Stéck Geschicht

D’Struktur zu Dräibuer gëtt et schonn zënter 1948. Hei fënnt een haut d’Unisec, also déi zouen Unitéit vum CSEE fir schwéier stroffälleg Jonker. Um Site sinn nach oppe Wunngruppe fir Jonge wéi och eng Schoul. Dës Weideren huet och d’Direktioun hire Sëtz zu Dräibuer.

Zu Schraasseg ass e weidere Site vum CSEE. Hei ware fréier d’Meedercher ënnerbruecht. Mëttlerweil ass hei e semiautonome Wunngrupp fir Jongen an eng zweet Wunngrupp, déi als Centre d’acceuil genotzt gëtt. Och op dësem Site ass eng Schoul. D’Meedercher sinn zënter 2020 zu Buerglënster ënnerbruecht.

Den Ament schaffen 224 Leit am CSEE. Dovunner si bal 150 Pedagogen, Psychologen an Enseignanten.

Eleng an der Unisec, wou 12 Better fir Jonker sinn, schaffen am Ganzen 29 Leit aus dem pedagogeschem a psychologeschem Domaine. Zënter engem Joer ass elo och eng privat Sécherheetsfirma op deenen dräi Sitten am Asaz. Déi meescht ginn an der Unisec gebraucht.

Déi privat Sécherheetsfirma gouf beoptraagt, well vill fréier Gardienen hiren 2 Jores-Kontrakt net verlängere wollten an een net genuch nei Demandë krut. Awer och den Ëmbau vun der Unisec hätt dobäi eng Roll gespillt, wéi de CSEE-Direkter Ralph Schroeder deemools am Interview sot.

Rebellioun a Reformbedarf

De CSEE war d’lescht Joer besonnesch duerch eng Rebellioun an der Unisec an de Schlagzeilen. Hei hate 6 Jonker randaléiert a Poliziste blesséiert. Kuerz drop hat de Charel Schmit, Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher, d’Konzept kritiséiert. Hie géif hei generelle Reformbedarf gesinn. An och an engem Spezialrapport, deen de Charel Schmit zesumme mat der Ombudsmann Claudia Monti ausgeschafft huet, goufe vill kleng Problemer festgehalen.

Ma net nëmme vu bausse gëtt kritiséiert. Ëmmer rëm krut eis Redaktioun erzielt, wat hannert de Mauere vum CSEE oflafe soll. An eiser Serie iwwert de CSEE gi mir enger Handvoll Leit, déi am CSEE geschafft hunn, d’Méiglechkeet ze erzielen, wat si alles erlieft hunn. Fir si ze schützen, bleiwen d’Temoignagen anonym. Mir wëssen awer genee, wien déi Leit sinn, a wou si a wéi enger Funktioun geschafft hunn.

Back to Top
CIM LOGO