No Ausso vu Clement iwwer ParteikolleegAsselborn-Bintz: Bëlleg Aart a Weis, fir Virfall erofzespillen

RTL Lëtzebuerg
Domadder reagéiert d'LSAP-Buergermeeschtesch vu Suessem op d'Ausso vum Deputéierte vun de Piraten, deen an dëser Affär keen Handlungsbedarf gesäit.
Cybermobbing-Virwërf: De Sven Clement wëll ofwaarden
D'LSAP-Buergermeeschtesch vu Suessem fënnt, et wier eng bëlleg Aart a Weis dëse Virfall esou erofzespillen.

De Piraten-Deputéierte Sven Clement gesäit keen Handlungsbedarf, nodeems d'Suessemer Deputé-maire Simone Asselborn-Bintz Plainte wéinst engem Bréif gemaach huet, deen op der Facebook-Säit vu Give us a voice verëffentlecht gouf, der Associatioun vum Daniel Frères, Member vum Parteipresidium vun de Piraten. Well si Mordmenacë krut, hätt si Plainte géint onbekannt gemaach, sot d'Simone Asselborn-Bintz d'lescht Woch hei op der Antenn. Hiren Affekot wier bei Give us a voice intervenéiert, wouropshin de Bréif nees vun der Säit geläscht gouf. "An deem Bréif goufe keng Nimm genannt", sot de Sven Clement eis géigeniwwer.

Extrait Sven Clement

"Ech muss éierlech soen, ech hätt esou ee Post net verfaasst. Et ass awer och net op enger Parteisäit geschitt an deementspriechend wëll ech elo och net soen, d'Partei muss direkt Konsequenzen huelen. Ech waarden elo emol of, wat déi Enquête ergëtt. Et gëtt eng Enquête, déi gëtt à charge et à décharge gemaach, a vläicht kënnt duerno eraus, datt dee Bréif komplette Farfelu war, dat ass jo dat, wat d'Madamm Asselborn-Bintz seet. Da wäert ech och nach eng Kéier e seriöt Gespréich mam Daniel Frères sichen, oder et kënnt eraus, datt awer vläicht iergendeppes drun ass. Da stellt sech d'Fro, vläicht ganz anescht", sou de Sven Clement.

D’Simone Asselborn-Bintz fënnt et wier eng bëlleg Aart a Weis, dëse Virfall esou erofzespillen. Si hätt ëmmerhin Mordmenacen kritt a Commentairen, déi ënner der Gürtellinn wieren. Mat hirer ëffentlecher Stellungnam wëll d’LSAP Députée- Maire op d’Konsequenze vun Diffamatiounscampagnen opmierksam maachen.

Um Daniel Frères senger perséinlecher Websäit iwwerdeems steet ze liesen „d‘Piratepartei gëtt mir de Fräiraum, deen ech a politeschen Diskussioune brauch. Hei ënnerläit ee kengem politeschen Zwang, wéi an anere Parteien.“

RTL-News: "D'Behaaptunge si falsch, entrüst iwwert de Cybermobbing géint meng Persoun"

Back to Top
CIM LOGO