
Den Hond vun der LSAP-Politikerin gouf rezent nämlech ageschléifert.
Kuerz dono ass op sozialen Netzwierker e Bréif opgedaucht, deen an der Ech-Form geschriwwe gouf. Den Hond erzielt do, datt hien net krank gewiescht wär an datt d'Meeschtesch hien hätt wëlle lass ginn. Tëscht den Zeile gëtt am Schreiwes suggeréiert, datt et sech bei der Hondsbesëtzerin ëm d'Suessemer Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz handelt. D'Politikerin weist déi Reprochë kloer vu sech.
Mir haten effektiv en Hond, dee leider just 3 Joer al ginn ass. Virun engem Mount hu mer déi Decisioun geholl, well e krank war. Mir hunn annerhalleft Joer mat Dokteren a mat Coache gekuckt, fir dat nees an d'Rei ze kréien an dat ass awer net gaangen. Dunn hu mer virun engem Mount d'Decisioun missten huelen, datt mer en net kënnen halen, dass en awer onberechenbar ass an datt mer dat net méi kéinte veräntwerten, net fir hien an net fir eis. Dat war wierklech eng ganz schwéier Decisioun.
D'Plattform fir Déiererechter „Give us a voice“ huet de genannte Bréif online gesat. De Post gouf Honnerte Mol gedeelt an et goufe vill Commentairë geschriwwen.
Dat ass eng enorm béisaarteg Erfarung, wann ee Morddrohunge kritt. Wann ee gesot kritt: Ech hunn och eng Sprëtz, "So mer, wou dat Bëtschel wunnt, da ginn ech och dohinner", dat fannen ech extrem schlëmm.
Et wéisst een net, wien de Bréif geschriwwen huet, dofir huet d'Deputéiert Plainte géint Onbekannt gemaach.
Warscheinlech geet et drëms, fir mech politesch fäerdeg ze maachen. Mir wëssen net, vu wou de Bréif kënnt.
D'Suessemer Buergermeeschtesch denkt mat Bléck op d'Commentairen awer och iwwer weider rechtlech Schrëtt no.
Bei der genannter Déieren-Plattform hätt een iwwregens via Affekot intervenéiert an d'Dokument wier dunn och séier vum Internet erofgeholl ginn, sou d'Politikerin. Trotzdeem weist d'Simone Asselborn-Bintz wéineg Versteesdemech, datt dee Bréif publizéiert gouf.
Fir mech ass et net verständlech, dass een en anonymme Bréif, wou een net weess, vu wou e kënnt, online setzt, ouni ze hannerfroen, wat do wierklech ass, wou ee scho beim Titel kann erausliesen, géint wien et gemënzt ass.
Bei „Give us a voice“ wollten déi Responsabel d'Saach net méi weider kommentéieren. Et hätt een dee Bréif anonym zougespillt kritt, ma et hätt een en nees vum Internet geholl, fir datt keng Mënschen ze Schued kommen. Et wéilt een och lo net weider an där Saach wullen.
Dat Ganzt sollt keng politesch Dimensioun kréien.