Dat kléngt no Science-Fiction. De Verdeedegungsminister François Bausch ass awer formell: “dat ass Realitéit an dat mécht mer richteg Suergen.”
Zanter zwee Joer beschäftegt sech och d’Lëtzebuerger Defense mam Thema déidlech autonom Waffesystemer. E Freideg gouf e Ministère-iwwergräifenden Aarbechtsgrupp agesat, an deem d’Defense de Lead huet. Dee bis den nächste Summer e Pabeier ausschaffe soll, wou Lëtzebuerg kloer a punkto “déidlech autonom Waffesystemer” Positioun bezitt.
“Als eent vun de Länner, wat um internationalen Niveau antrëtt fir ganz strikt Reegelen. An awer och duerno kuckt, wat musse mer eis National vu Gesätzer ginn, fir datt mer eis Bevëlkerung kënne protegéieren”, sou de Verdeedegungsminister François Bausch.
Wéi fonctionéieren déidlech autonom Waffesystemer?
Am Kader vun der Campagne fir “Killer Robots” ze stoppen, mobiliséiere Wëssenschaftler, awer och Staate mat Konferenzen a mat spektakuläre Videoe géint den Asaz vun Dronen, déi virprogramméiert ginn, fir e spezifescht Profil u Mënschen ëmzebréngen. Dëst sinn Dronen, wa se bis eemol am Asaz sinn, mat Hëllef vu Sensor-Daten, zum Beispill der Gesiichtserkennung, nom virprogramméierte Profil sichen. Wann den Algorithmus en Zilprofil erkennt, bréngt d’Dron d’Persoun ëm.
“Am Géigesaz zu anere geféierleche Waffen, ob dat elo chemesch Bommen oder Nuklearwaffe sinn, wou ee schwéier un d’Material kënnt, well dat natierlech méi komplizéiert ass fir drun ze kommen, ass et hei einfach fir drun ze kommen. An dat Zweet ass, et ass natierlech och vill méi einfach, dat hei ze bauen an et duerno anzesetzen. An d’Konsequenze kënnen awer extrem Dramatesch sinn”, sou de Minister weider.
Där Drone goufe schonn agesat. A Libyen, géint d’Truppe vum Maréchal Haftar, sou e Rapport vun de Vereenten Natiounen.
Fir de François Bausch gëtt et eng Prioritéit: “Et musse Limitte gesat ginn.” Datt de Mënsch deen ass, deen d’Saach Kontrolléiert.
“Waffen, déi Algorithme benotze fir ëmzebréngen, sinn onmoralesch an eng grave Menace fir d’global Sécherheet”, sou och d’Membere vum “Future of Life Institute”. Dofir brauch d’international Gemeinschaft Reegelen.
D’Lëtzebuerger Regierung wëll elo Responsabilitéit iwwerhuelen.
De François Bausch: “Mir sinn net eleng. Et gëtt aner Länner wéi Éisträich, wéi Holland, déi och änlech Iwwerleeungen ustelle wéi mir. An et geet drëms, eng Koalitioun opzebauen, vun deene Länner, déi wierklech hei wëllen dofir suergen, datt mer international Konventioune kréien, déi hei déi néideg Gesätzer a Reegele kënne schafen.”
Staaten, déi am Aarmdrécke mat private Firmaen, awer och Arméien, op d’Ënnerstëtzung vun enger Organisatioun wéi dem “Internationale Comité vum Roude Kräiz” oder dem “Institut vun der Vereenten Natiounen fir Recherche iwwer Ofrëschtung” ziele kënnen.