Neit Covid-GesetzAvis e Méindeg de Moie vum Staatsrot geholl

Roy Grotz
De nei Mesuren, déi de Xavier Bettel ewell scho lescht Woch annoncéiert hat, trieden en Donneschdeg a Kraaft.

Och de Staatsrot hat e Méindeg de Moien hiren unanime Avis ofginn. Eng Objektioun, ier déi nei Amendementer am Cercle an der Plenière vum Parlament ugeholl ginn, gouf et, wat déi 7 kommerziell Aktivitéiten ugeet, déi nees zouginn, wëll se als net "essentiell" ugesi ginn. Gefrot gëtt no den objektive Krittären, déi esou eng Klassifikatioun justifiéieren. Da mécht de Conseil d'Etat op eng textuell Lacune opmierksam, wëll nëmme "kommerziell" Aktivitéiten, wéi Theateren oder soss kulturell Betriber mussen zoumaachen. D'Fro gëtt sech gestallt, wat da geschitt, wann zum Beispill e Kinosproprietär seng Clienten op e gratis-Filmowend invitéiert oder wann e Veräin op e Kaartenowend invitéiert. Hei misst am Text nogebessert ginn.

Eng aner Nofro huet de Staatsrot, wat d'Reduktioun vun 4 op 2 Leit ugeet, déi kënne bei engem doheem invitéiert ginn. Fir déi héich Kierperschaft wier et méi opportun, z'erlaben, datt sech 2 Stéit kënnen gesinn, ouni datt et eng chiffréiert Limitatioun vun dëse Leit gëtt.

Eng formell Oppositioun mécht de Staatsrot, wat d'Geriichtsaudienzen ugeet, och hei missten d'Distanz-Reegele spillen an net kënne vum President vun der Sëtzung eenzel decidéiert ginn.

LINK: Den Avis vum Staatsrot noliesen.
RTL-Artikel: Nächst 3 Wochen: Fermeture vu Restauranten, Caféen, Kinoen a Fitnesszenteren

Back to Top
CIM LOGO