Den tragesche Brand zu Crans-Montana huet nach eemol gewisen, wéi wichteg präventive Brandschutz a reegelméisseg Inspektioune sinn, besonnesch an ëffentlech zougängleche Gebaier wéi Hotellen, Akafszentren an Horeca-Betriber. Genee hei kënnt d’Inspection du travail et des mines (ITM), déi zu Lëtzebuerg d’Sécherheets- a Brandschutzvirschrëfte kontrolléiert, an d’Spill. Nieft der ITM spillt och de CGDIS eng zentral Roll.
Wéi konkret Brandschutz am Alldag hei am Land ëmgesat gëtt, weist och d’Beispill vun engem Restaurantsbesëtzer, deen nom Virfall an der Schwäiz decidéiert huet, Späizmännercher a sengem Betrib ze verbidden.
De Brand zu Crans-Montana huet vill Leit wakereg gerëselt – an och zu Lëtzebuerg Froen a punkto Brandschutz opgeworf. Froen no Sécherheet, no Responsabilitéiten an no deem, wat een am Alldag maache kann, fir Risken ze reduzéieren.
Zu Lëtzebuerg hunn ewell puer Etablissementer annoncéiert, dass si Späizmännercher verbidden – dorënner de Marcello Ranieri, Gerant vun engem Club an der Stad. Och wann et ouni Späizmännercher zu engem Brand soll kommen, ass ee virbereet: “Wa bei eis esou eppes sollt virkommen, hu mir Feiermelder, dat geet dann direkt un d‘Zentral, wou dann direkt un d‘Pompjeeë geet, déi dann direkt op d‘Plaz kommen, ouni dass mir do iergendeppes musse maachen. Bei eis geet automatesch dann d‘Musek aus an d‘Service-Luuchten un, sou dass jidderee versteet, dass eppes schif leeft.”
D’Rettungsdéngschter gesinn am Asaz, wéi séier ee Feier sech kann ausbreeden a wéi decisiv e puer Sekonnen an déi richteg Decisioune kënne sinn. Wéi séier et geféierlech ka ginn, hänkt och dovun of, wéi de Raum amenagéiert ass, sou de Laurent Massard vum CGDIS: “Et kann een ëmmer probéieren eng éischt Brandbekämpfung virzehuelen, dat heescht iwwer Feierläscher, iwwer Wandhydranten, wann der do sinn. Dann ass et natierlech esou, wann ee mierkt, dass een de Brand net an de Grëff kritt, soll een d‘Gebai méiglechst séier verloossen, eventuell Dieren hannert sech zouzéien an dann natierlech den 112 uruffen an do eng Meldung ofsetzen.”
Ma de Brandschutz fänkt awer net réischt u wann et ewell brennt an d’Pompjeeën an den Asaz kommen. Hei am Land ass d’ITM responsabel fir d’Kontroll an d’Begleedung vu Betriber an Etablissementer, fir Risken ze miniméieren an d’Sécherheet ze garantéieren.
Betriber mat enger Capacitéit vun ënner 500 Leit falen an de Kompetenzberäich vum Buergermeeschter, erkläert den Direkter Marco Boly. Bei méi potentielle Clientë spillt d‘Kommodosgesetz: “Ier de Betrib opgeet, fënnt eng Kontroll statt an déi gëtt zesumme mat engem Organisme agréé gemaach, wou ee Rapport redigéiert gëtt an dee Rapport gëtt natierlech vun der ITM analyséiert. Dann au fur et à mesure sinn d’Exploitanten ugehalen, fir eemol am Joer déi Kontrolle mat den Organisme agréés ze maachen, déi Rapporte kommen an de registre de sécurité vun der betreffender Firma, a wann dann déi klassesch Kontroll vun der ITM stattfënnt, gëtt fir d’éischt de registre de sécurité kontrolléiert, ob deen an der Rei ass an ob déi Kontrolle reegelméisseg gemaach goufen.”
Wa keng Reklamatioune virleien, mécht d’ITM sporadesch Kontrollen, sou nach den Direkter vun der ITM. Hie betount iwwerdeems, dass ee net dat ganzt Joer iwwer permanent all ëffentlecht zougänglecht Gebai oder Etablissement kontrolléiere kéint. Och bei enger héijer Zuel u Kontrolle kéint een ni eng absolut Sécherheet garantéieren – dofir bleift nieft der Iwwerwaachung och d’Verantwortung vun de Betriber an de Leit selwer primordial.