Tëscht Beefort an dem GrondhaffCamion vun der Strooss ofkomm an ëmgetippt, Mëllech ausgelaf

Andy Brücker
En Dënschdeg de Moie koum et zu engem Accident um CR364, wouduerch d'Strooss huet musse gespaart ginn.
Camion mat 4.000 Liter Mëllech e Rampli erofgefall
En Dënschdeg konnt e Camionschauffer nach in extremis aus senger Kabinn sprangen, éier de Camion e Rampli erofgerutscht ass a sech op d’Säit geluecht huet.

E méi spektakulären Accident gouf et en Dënschdeg de Moien géint 9.10 Auer op der Streck tëscht Beefort an dem Grondhaff. Éischten Informatiounen no ass hei e Camion, dee 4.000 Liter Mëllech gelueden hat, op der enker Streck um Bord vun der Strooss stoe bliwwen, well grad zwee Autoen entgéint komm sinn.

Dobäi ass de Camion awer en Tick ze wäit no riets an de Summerwee geroden, wouropshin dësen un d’Rutsche komm ass. De Camionschauffer konnt nach mat Zäiten aus der Kabinn klammen, éier de Camion de Rampli erof an d’Feld gerutscht an ëmgetippt ass.

Duerch de Schock ass dann och en Deel vun der Mëllech aus dem Camion erausgefall an ausgelaf.

Et si Beamte vum Waasserwirtschaftsamt op der Plaz, well eng Baach net wäit ewech ass an och do Mëllech dra gelaf ass.

© Domingos Oliveira

D’Streck huet mussen zäitweis fir d’Rettungsaarbechte gespaart ginn. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Beefort an eng Ambulanz un Iechternach.

© RTL Mobile Reporter

Back to Top
CIM LOGO