Unanime Decisioun vum Gemengerot Mäertert-Waasserbëlleg wiert sech géint Ausbau vum Tanklager

Marc Hoscheid
Et géing een op enger Linn mat den Nopere vu Gréiwemaacher leien an zesumme géint de Projet am Mäerter Hafe virgoen.

D'Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg wäert sech dem Recours gracieux vun der Gemeng Gréiwemaacher géint den Ausbau vum Tanklager am Mäerter Hafen uschléissen. Dat huet de Gemengerot en Donneschdeg de Moien unanime decidéiert. Den Aarbechts- an den Ëmweltminister hate Mëtt des Mounts déi néideg Autorisatioune fir en Ausbau ënnerschriwwen.

Et géing direkt e puer Grënn ginn, firwat een als Gemeng Mäert-Waasserbëlleg géint de Projet ass, zum Beispill wéinst de potenzielle Gefore fir d'Ëmwelt, dem zousätzleche Camionstrafic an der Gefor vun enger Attack op de Site.

Et kéint een net novollzéien, datt déi taktesch Pëtrolsreserve vum Land op enger Plaz stockéiert solle ginn. De Buergermeeschter Jérôme Laurent huet awer och ënnerstrach, datt d'Tanklager um Territoire vun der Gemeng Gréiwemaacher läit, dowéinst géing d'Ausstelle vun der d'Baugeneemegung och an d'Responsabilitéit vun der Maacher Buergermeeschtesch falen.

D'Areeche vun engem Recours gracieux géing iwwerdeems net dozou féieren, datt de Projet an der Tëschenzäit gestoppt muss ginn.

Back to Top
CIM LOGO