Bei Noutfäll am AsazCGDIS kritt nei Samu-Autoen

Samantha Weber
De Samu war d'lescht Joer eng 10.000 Mol am Asaz. Dëst Joer kritt de Rettungsdéngscht vum CGDIS nei Autoen.

De Service d'Aide Médicale Urgente (Samu) kënnt bei medezineschen Noutfäll oder liewensgeféierleche Situatiounen an den Asaz. Aus deem Grond sinn d'Gefierer mat medezineschem Material ekipéiert, dat a bal all medezineschem Noutfall an den Asaz ka kommen.

Bis ewell ginn et fënnef vun deene Gefierer. Elo kritt de CGDIS eng nei Generatioun u Samu-Autoen. Dat confirméiert de CGDIS-Spriecher Cédric Gantzer dem RTL op Nofro hin a preziséiert, datt dës den nächste Mount wäerte presentéiert ginn. Dowéinst wéilt een elo nach net ze vill verroden, och net wéi vill nei Autoen et wäerte sinn.

Den Ament wieren d'Autoen an engem Garage, fir datt se kéinten ugemellt ginn. Wéi et ausgesäit, wäerten déi nei Gefierer méi Plaz hu wéi déi al Modeller.

Zejoert war de Samu ronn 10.000 Mol am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO