
Ronn 10.000 mol war de SAMU am Asaz.
2.665 Kéieren ass de CGDIS wéinst Feier rausgefuer, woubäi et do just a 40% vun de Fäll och e reellt Feier gouf.
2.056 mol waren d'Rettungsequippen am Asaz wéinst engem Accident.
258.000 Appellen op den 112 goufen traitéiert. Dat sinn der liicht méi ewéi 2024, awer e bësse manner ewéi 2023.
Beim Zenter vun de Rettungsdéngschter schaffen iwwer 7.300 Leit. Fräiwëlleg Pompjeeë maachen de Gros vum Effectif aus.
D'Ausgabe beim CGDIS sinn e Stéck erop gaangen a leien elo bei iwwer 200 Milliounen. Dëst geet virun allem op d'Evolutioun bei de Personalkäschten zeréck.