
Rezent gouf et jo Gespréicher tëschent dem Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden a senger däitscher Amtskolleegin Nancy Faeser, bei deenen och d’Grenzkontrollen zu Sprooch komm sinn, wéi den CSV-Minister an engem Schreiwes matgedeelt huet.
Vum däitschen Inneministère wollte mir wëssen, wat zu dësem Sujet genee festgehale gouf, dozou wollt ee sech allerdéngs net äusseren. E Spriecher vum Bundesministerium des Innern und für Heimat, huet dofir awer nach emol op d’Wichtegkeet vun den decidéierte Mesuren am Kader vun der Futtball-EM 2024 higewisen:
“Die vorübergehenden Binnengrenzkontrollen sind ein Bestandteil der umfassenden Sicherheitsvorkehrungen der Polizeien des Bundes und der Länder, um etwaige aus dem Ausland wirkende Gefahren abzuwehren. Insbesondere sollen möglicherweise anreisende Gewalttäter früh erkannt und gestoppt werden.”
Well d’Kontrolle besonnesch op bestëmmte Passagen zu laange Staue wärend de Stousszäite gefouert hunn, gouf et nieft dem Gespréich tëschent béide Ministere jo och eng Reunioun tëschent der Däitscher an der Lëtzebuerger Police, bei där decidéiert gouf, datt et keng Kontrolle méi op de Grenzbrécke sollt ginn.
Obwuel am Schreiwes preziséiert gouf, datt d’Kontrollen direkt gestoppt géinge ginn, hu Lieser eis dorop higewisen, datt den Ament awer nach op verschidde Brécke kontrolléiert géing ginn, sou zum Beispill op der Muselbréck tëschent Gréiwemaacher a Wellen (D). Hei ass et awer sou, datt déi däitsch Beamten d’Kontrollen net op der Bréck selwer, ma hannendrun, also op däitschem Territoire duerchféieren, wouduerch et trotzdeem zu Stauen op der Bréck komme kann.
Am Beräich vum Chantier hannert der Sauerdallbréck sollen iwwerdeems zwou Spueren agefouert ginn.
D’Kontrolle wäerten nach bis den 19. Juli daueren.
Wéinst der Futtball-EM: Kontrollen op der däitsch-lëtzebuergescher Grenz gi weider
Upassunge bei Grenzkontrollen: Inneminister ass op en Neits bei senger däitscher Homologin intervenéiert
Liest hei och den offizielle Pressecommuniqué vum däitschen Inneministère