
Fir dat an de Kontext ze setzen: Zanter dem 1. Mäerz gouf et am Ganze méi ewéi 140.000 Covidinfektiounen hei am Land.
Allerdéngs wiere 56 Clustere mat op d’mannst 3 Fäll bei Sportsclibb oder Sportsevenementer festgestallt ginn.
D’Ministèrë betounen awer och, datt am Géigesaz zum Ausland, de Sport hei am Land ni ganz verbuede war.
D’Wichtegkeet vum Sport fir déi kierperlech a mental Gesondheet vun de Leit wier ni a Fro gestallt ginn, heescht et weider.
En negativen Impakt – zum Beispill psychologesch - vum 2G am Sport wier de Ministèren net bekannt.
