
Nodeems hie virun 8 Méint nach zu enger Geldstrof vun 100 Euro an zum symboleschen Euro fir zwee Jeeër condamnéiert gi war, hunn déi zweet Riichter fonnt, de fréieren Direkter vum "Institut d'études européennes et internationales" hätt sech kenger Injure strofbar gemaach. Hie misst deemno keng Geldstrof bezuelen. D'Riichter hu sech donieft inkompetent erkläert, fir iwwer Schuedenersatz fir déi zwee Jeeër ze befannen, zwee Jeeër, déi och fir d'Fraise vun den zwou Instanze mussen opkommen.
Am juristeschen Nospill vun der RTL-Emissioun "Background am Gespréich" vum Februar zejoert iwwert d'Juegd war den Armand Clesse wéinst der Ausso „d'Jeeër si Barbaren!“ verurteelt ginn. Zwee Jeeër, ënnert hinnen de viregte Pressespriecher vun der Jeeërfederatioun Marc Glesener, haten den Armand Clesse ugesicht, wéinst den Aussoen an där Emissioun.
No Aussoen op RTL: Zwee Jeeër hu Plainte géint Armand Clesse gemaach
Armand Clesse verurteelt: Geldstrof vun 100 € an de symboleschen Euro als Schuedenersatz fir 2 Jeeër
Verurteelten Armand Clesse: Appell gaange wéinst "onfairem" Prozess