Néng Foussgänger ugestouss an enger WochDen Handy ass fir jidderee geféierlech am Stroossentrafic

Anne Wolff
Claude Zeimetz
An enger Woch goufen 9 Foussgänger ugestouss an deels schwéier blesséiert.
© RTL

De Misär, deen op der Strooss geschitt, ass “onsäglech”, sot e Freideg de Moien de President vun der Sécurité Routière Paul Hammelmann am RTL-Interview.

De ganzen Interview mam Paul Hammelmann vun der Sécurité Routière

Zanter leschtem Freideg sinn 9 Foussgänger am Stroosseverkéier ugestouss ginn, 6 dovunner an der Däischtert. D’Sécurité routière, d’Police an de Mobilitéitsministère sensibiliséieren wéi all Joers an der däischterer Joreszäit mat der Campagne “gitt siichtbar”.

D’Ursaach vun den 9 Accidenter ass am Detail net bekannt, ma fir d’Sécurité routière sinn Accidenter mat Foussgänger generell net just duerch schlecht Siicht, mee nach eng Rëtsch aner Problemer ze erklären. De President vun der Sécurité routière Paul Hammelmann betount, et léich dacks net just un der Däischtert : “Kuck mol, Helsinki, Finnesch Haaptstad, déi läit um 60. Breedegrad, mir leien um 50., do ass et fënnef Stonne méi laang däischter. Déi haten elo jorelaang keen een Doudegen a kee schwéier Blesséierten am Verkéier. Dat ass net, well a Finnland ze vill Rendéieren op der Strooss sinn, dat ass éischter, well d’Rendéieren hei hannert dem Steier sëtzen. Mee, déi (Finnland, ndlr) hunn alles gemaach, wierklech alles, fir d’Vision zéro ze erreechen, egal wat et kascht huet. An dat geet et.”

Méi 30er Zonen

De Problem léich net eleng bei der Vitesse, ma déi wier en decisive Facteur, wann et zu engem Accident kënnt. Dofir plädéiert d’Sécurité routière fir 30er-Zonen, iwwerrall do, wou Foussgänger, Vëlosfuerer an Automobilisten sech begéinen. D’Konzept vum Shared-Space kéint och en Usaz sinn. Och den Amenagement an de Stied wier deels problematesch, de Paul Hammelmann constatéiert eng “Inflatioun” vu Foussgängersträifen, déi net ëmmer gutt geluecht an net genuch beliicht wieren: “Do gëtt et och a franséische Stied well Beispiller, do sinn an der Strooss blo Luuchten. Dat selwecht Blo, wat och d’Police um Dag huet. An déi gi vill besser respektéiert, well d’Leit menge fir eng Policekontroll. Also do gëtt et schonn Iddien.”

Handy bei Foussgänger sanktionnéieren?

Net nëmmen d’Chaufferen, ma och d’Foussgänger wieren an der Verantwortung, betount d’Sécurité routière. Besonnesch geféierlech wier et, wa Foussgänger mat Kopfhörer am Ouer an dem Handy am Grapp iwwert d’Strooss lafen. Am Stroosseverkéier gëtt den Handy jo ewell mat 4 Punkten an 250 Euro streng bestrooft. De Paul Hammelmann plädéiert dofir, och bei Foussgänger Kontrollen ze maachen: “Wéinstens wann de Foussgänger sech op enger Plaz befënnt, wou en net prioritär ass. Elo sot dir mer ‘um Foussgängersträifen ass ee jo prioritär’. Juristesch jo, mee en ass awer och vulnerabel. Dat heescht, et sollt een op deene Plazen, wou eng Gefor fir e besteet, der Gefor Rechnung droen”.

* En Donneschdeg ass zu Wëntger jo e Foussgänger ugestouss a schwéier blesséiert ginn. Dat wär eng Nationalstrooss, wou eng “Boeing kéint drop landen”. Do hätt en Zebrasträifen näischt ze sichen. Hei ass ze bemierken, dass et sech beim Virfall NET ëm eng Fahrerflucht gehandelt huet, wéi dat en Donneschdeg den Owend nach matgedeelt gouf.

Back to Top
CIM LOGO