Automobilist ass no Virfall stoe bliwwenFoussgänger zu Wëntger ugestouss a schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie géint 7.45 Auer gouf et an der Haaptstrooss zu Wëntger e Virfall tëscht engem Foussgänger an engem Auto.
Ee Blesséierten zu Wëntger, no Tëschefall mat engem Foussgänger
Eng Persoun gouf uerg blesséiert, d’Police huet en Zeienopruff lancéiert.

De Foussgänger gouf dobäi schwéier blesséiert, Passanten hate sech ëm hie gekëmmert. De Mann soll, anescht, wéi ufanks gemellt*, sech net vun der Plaz vum Accident ewechgemaach hunn, mä wier stoe bliwwen fir sech ëm d’Affer ze këmmeren. Dat confirméiert d’Police RTL géigeniwwer e Freideg de Moien. Am Moment géifen Zéien, déi sur Place waren an den implizéierte Chauffeur befrot ginn.

© RTL Mobile Reporter: Cynthia Degrott

Wien hëllefräich Informatiounen huet, ass gebieden, sech bei der Police um 113 oder per Mail op 113@police.etat.lu ze mellen.

D’Strooss gouf dann och gréisstendeels ofgespaart an eng Deviatioun opgestallt.

* Ufanks huet et säitens der Police geheescht, dass den implizéierte Chauffer net op der Plaz vum Accident unzetreffe gewiescht wier. Eng Sich no him soll an enger éischter Phas kee Succès gehat hunn, ma déi gesichte Persoun hätt sech dono bei der Police gemellt. Dëst wier op Nofro bei der Police awer net de Fall gewiescht. Déi betraffe Persoun am Auto wier stoe bliwwen an hätt sech ëm de Foussgänger gekëmmert. an et hätt sech net ëm eng Fahrerflucht gehandelt.

Back to Top
CIM LOGO