Spezialkommissioun CaritasDeputéiert hunn d'Impressioun: PwC a Caritas wëllen net an d'Kommissioun kommen

Claudia Kollwelter
An der Chamber gouf eng Spezialkommissioun ageriicht, fir der Caritas-Affär op de Grond ze goen. Ma déi betraffen Acteure maachen hinnen d'Liewe schwéier.

Et ass schwéier, e Bilan ze zéien, respektiv ze fréi een ze zéien”. Dat waren d’Conclusioune vun den Deputéierten aus der Caritas-Spezialkommissioun an der Chamber. Wa grouss Acteuren d’Aarbecht vun der Kommissioun a Fro stellen an d’Kooperatioun mat dëser refuséieren, kéint een net virukommen.

Spezialkommissioun Caritas / Reportage Claudia Kollwelter

Bis Abrëll soll d’Cartias-Spezialkommissioun eigentlech e Rapport geschriwwen hunn. Een Timing, deen nëmme schwéier anzehalen ass, wann een déi wichtegst Acteuren net gehéiert huet, seet de Sven Clement vun de Piraten:

D’Caritas, déi iwwerhaapt emol d’Kommissioun a Fro stellt. Da PwC, déi hei Konditioune stellen, déi onerhéiert sinn, wou se d’Gefill ginn, si wären den éischte Pouvoir am Land. Ech mengen, datt et de Big Four hei zu Lëtzebuerg, dont d’PwC, wierklech géif guttdoen, e bëssen ‘Demut’ ze weisen no esou enger grousser Fraude an an d’Chamber ze kommen a sech z’erklären, anstatt sech hei wëllen ze verstoppen an esou ze maachen, wéi wann d’Chamber guer kee Recht hätt, Saache gewuer ze ginn.

Et wier eng Invitatioun fir en Echange a keng Enquête, betount de Marc Baum vun déi Lénk. A sengen Ae wier et am Interêt vun den zwee Acteuren, elo Äntwerten op d’Froe vun der Spezialkommissioun ze liwweren:

Well, wann dat net geschitt, hu mir als Oppositioun nach ëmmer ‘d’dicke Berta’ an der Hannerhand, an dat ass eng Enquête, eng richteg Enquêtëkommissioun ze maachen, wou si dann och komme mussen, wou se och mussen ënner Eed aussoen. Dat hei ass d’Méiglechkeet, fir do derlaanscht ze kommen, fir op eng méi galant a méi séier Aart a Weis kënnen zu Ziler ze kommen.”

Ma wann dat net gewëllt wier, misst ee Konsequenzen zéien. Fir d’Taina Bofferding ass d’Manéier, wéi PwC an d’Caritas hei agéieren, e Beweis dofir, datt se net gewëllt sinn, eng Hand mat unzepaken:

Déi eis elo soen, si géife just kommen, wa mer hinnen am Virfeld eis Froen eraginn an da wannechgelift si och gehalen, just déi Froen ze stellen. Ech mengen, et gëtt kee Parlament op der Welt, wou et esou fonctionéiert, fir et riicht eraus ze soen: Et ass am Fong eng Frechheet dem Parlament, dem éischte Pouvoir hei am Land ze soen, dass mer sou solle virgoen!

D’LSAP-Deputéiert stellt sech d’Fro, ob iwwerhaapt gewollt ass, Kloerheet an Transparenz an déi ganz Affär ze bréngen. Et géif op Zäit gespillt an d’Aarbecht vun der Spezialkommissioun a Fro gestallt ginn.

Net just d’Oppositiounsparteien hunn d’Gefill, wéi wa PwC a Caritas net mat der Chamber zesummeschaffe wéilten. Dëst gesäit och d’Presidentin vun der Kommissioun Stéphanie Weydert vun der CSV esou:

Extrait Stéphanie Weydert

Do hu mer elo divers Courriere kritt vu PwC, vu Caritas, wou da Konditioune gestallt ginn, respektiv iwwerhaapt emol d’Kommissioun a Fro gestallt gëtt, wat ech awer zimmlech speziell fannen. Wann een net wëll kommen, da soll een och einfach riicht eraus soen: ‘Mir wëllen net kommen!’ Well et ass eng Invitatioun an eng Kommissioun ze kommen an eng Entrevue mat eis ze hunn an en Austausch ze hunn. An et ass net eng Convocatioun, wéi et a verschiddene Courriere steet, wou ee mengt, et géif ee vum Parquet convoquéiert ginn, wou een hei muss Ried an Äntwert iwwert all d’Faite stoen. Nee, dorëms geet et net!

Déi lescht Woch goufen et och Reprochen iwwert e méiglechen Interessekonflikt vun der Presidentin Stéphanie Weydert. D’CSV-Deputéiert huet e Méindeg betount, datt bis elo nach keen Avis dozou, weder vum Bâtonnier nach vum Ethikkommittee vun der Chamber, virläit.

D’Kommissioun kënnt iwwerdeems nächste Méindeg fir eng weider Reunioun an der Chamber zesummen.

Hei kommt Dir bei de komplette Caritas-Dossier.

Back to Top
CIM LOGO