De Ministère hat RTL confirméiert, datt et diplomatesch Kontakter mat Däitschland ginn, fir d'Lëtzebuerger mat engem Convoi op de Fluchhafen ze bréngen.
Weider 175 Persounen, dorënner 136 Belsch, goufen am Kader vun der belscher Evakuéierungsmissioun mat Lëtzebuerger Bedeelegung aus Kabul erausbruecht. 4 mol sinn d'belsch Militärfligeren vum Typ C130 tëscht der afghanescher Haaptstad an der vum Pakistan - Islamabad - hin an hir geflunn.
Dat huet déi belsch Ausseministesch Sophie Wilmès iwwer Twitter matgedeelt.
Um Samschdeg waren et 250 Persounen. Uganks war d'Zuel vun 170 genannt ginn.
An den nächste Stonnen géifen 400 Persounen an d'Belsch rapatriéiert ginn, wéi déi belsch Chaîne RTL TVI mellt. Et wär ënnert anerem e gecharterte Vol vun der Gesellschaft Air Belgium.
Afghanesch Spezialunitéiten aus dem fréiere Militär hu mat Schëss an d’Luucht wolle verhënneren, dass d’Leit op der Flucht aus Kabul op den Territoire vum Flughafen erakéimen. Eng gutt 600 vun där Trupp assistéieren den Zaldoten aus den USA mat der Ofsécherung vum afghanesche Bréckekapp vun där Loftbréck an d’Fräiheet. Erauskomm dobäi ass allerdéngs just Panik an Angscht.
Nawell konnte mëttlerweil zanter e Sonndeg gutt 12.000 Auslänner an Afghanen, déi fir Ambassaden an international Hëllefsorganisatioune geschafft hunn, vum Fluchhafe vu Kabul aus evakuéiert ginn.
D’Taliban dréie Leit, déi ënnerwee sinn op de Flughafen, ouni déi néideg Dokumenter fir eng Ausrees, konsequent ëm a schécke se erëm heem an d’Stad. Do bitt sech de Korrespondenten no ee komplett anert Bild. D’Stad an d’Geschäftswiese géif quasi funktionéiere wéi virdrun, allerdéngs wiere wäitaus manner Fraen op de Stroossen ze gesinn.
Zu Kabul ukomm ass de Mullah Abdul Ghani Baradar, een aus dem enke Kress vun der Féierung vun de Radikalislamisten. E soll fir Gespréicher iwwert eng Regierungsbildung an déi afghanesch Haaptstad gereest sinn.
Et bestinn operationnell Gespréicher tëscht Bréissel an den Taliban, mee d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen, huet politesch Gespréicher an eng Unerkennung vun den Taliban ausgeschloss.
Am RTL-Interview hat den Ausseminister sech e Samschdeg de Moien zu der aktueller Situatioun vun de Lëtzebuerger Residenten am Afghanistan nach esou geäussert: Dem Jean Asselborn no ass d'Situatioun déi, datt 9 Persoune mat direktem Bezuch zu Lëtzebuerg aktuell am Afghanistan festsëtzen.
Et géing een alles maachen, fir déi Concernéiert, esou séier wéi méiglech aus dem Land ze evakuéieren, sot eis de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Ma dat wär aktuell alles anescht wéi einfach. D'Situatioun wär weiderhin dramatesch a ronderëm de Fluchhafen zu Kabul ass nach ëmmer Chaos, sou dass vill Fligeren quasi eidel nees vu Kabul op virun allem Islamabad am Pakistan zeréckfléie géifen. Do waart jo och de Lëtzebuerger Fliger A400M. Ma och déi belsch Fligeren, déi tëscht Kabul an Islamabad den Transport garantéiere sollen, kënnen aktuell wéinst dem Duercherneen um Fluchhafen net ewéi geplangt Leit evakuéieren.
Dobäi hat et Ufank der Woch fir déi 9 Persounen guer net esou schlecht ausgesinn. Dem Jean Asselborn no hätt ee Plazen an engem franséische Fliger zougesot kritt, ma d'Leit hätten et net gepackt, fir an de Fluchhafen eranzekommen. Och déi hollännesch, déi spuenesch an déi däitsch Autoritéiten hu sech bereet erkläert, fir d'Leit an engem vun hire Fligere matzehuelen. Ouni Succès.
Wéi de Jean Asselborn erkläert huet, sinn eng Rei Persounen am Ausseministère permanent a Kontakt mat aneren Ambassaden, fir no Léisungen ze sichen.
Ma d'Schwieregkeet bleift ëmmer den Accès op der Fluchhafen.
D'US-amerikanesch Zaldoten hätten u sech solle virum Fluchhafen fir Uerdnung suergen. Dat gouf awer als ze geféierlech agestuuft, wéinst enger méiglecher Konfrontatioun mat den Taliban.
Iwwerdeems geet et och net just ëm déi 9 Leit, déi op Lëtzebuerg mussen, mee ëm Dausende Leit, esou sot de Lëtzebuerger Chefdiplomat. Si all hoffen aus Afghanistan erauszekommen. D'Situatioun ass deemno ugespaant, huet de Jean Asselborn widderholl.
D'US-Amerikaner decidéieren, wien zu Kabul landen däerf a wéini. Elo sollen och d'Britten an d'Tierke fir d'Sécherheet op der Plaz suergen. D'USA an Däitschland hunn den Ament och Helikopter agesat, fir hir Leit op de Flughafen ze bréngen.
De Lëtzebuerger Ausseministère huet RTL um Samschdeg den Owend géintiwwer confirméiert, datt et elo diplomatesch Kontakter mat Däitschland ginn, fir d'Lëtzebuerger mat engem Convoi op de Fluchhafen ze bréngen.
E belsche Fliger vum Typ C130 huet weider 170 Persounen aus Kabul op Islamabad bruecht.
D'Passagéier hunn déi belsch respektiv déi hollännesch Nationalitéit.
Dës Nouvelle kënnt vun de belsche Ministesche fir Defense, der Ludivine Dedonder, an Diplomatie, der Sophie Wilmès, um zweeten Dag vun der Loftbréck, déi vun der Belsch an Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg organiséiert gëtt, fir Honnerte Leit ze rapatriéieren.
Et ass deen drëtte Voll am Kader vun der Missioun, déi ''Red Kite'' gedeeft gouf. Um Freideg hat eng sougenannt Herkules-Maschinn 16 Belsch u Bord. En zweete Fliger koum ouni Passagéier aus Kabul zeréck.
