Zu Nidderaanwen op der Neijoerschreceptioun konnt een a vill zefridde Gesiichter kucken. De Premier Luc Frieden gouf mat vill Applaus vun den CSV-Membere bei senger Ried begréisst, an där hien zouginn huet, datt hie sech “nach un den Terme ‘Premier’ gewinnen” muss.
Ganz houfreg gouf zréck gekuckt op d’Superwaljoer 2023, ma och ënnerstrach, datt et elo ëm d’konkret Ëmsetzung vum Regierungsprogramm geet. De Christophe Hansen, Generalsekretär vun der CSV, sot am RTL-Interview, et hätt ee laang op dëse Moment gewaart, nees a Regierungsverantwortung ze kommen. Aktiv Politik gestalten, kéint een am Beschten an der Majoritéit.
Virun engem Joer war nach alles anescht um Neijoerschpatt vun der CSV. Zanterhier huet sech vill gedoen a vill changéiert, huet de Luc Frieden betount:
“Et ass déi éischt Kéier zanter Joren, datt d’CSV de Regierungschef stellt, de Parlamentsparlament a wou mer erëm an der Majoritéit sinn.”
Kafkraaft stäerken, Logementsproblem ugoen
Duerch d’Upassung vun der Steiertabell hätt jidderee méi Kafkraaft, esou de Christophe Hansen.
“D’Kafkraaft vu jidder Eenzelem ass wichteg. D’Leit hunn et ëmmer méi schwéier d’Enner beieneen ze kréien. Wa se Sue geléint hunn, fir en Appartement oder en Haus ze kafen, mat den Tauxen, déi et aktuell ginn, ass et ëmmer méi schwéier déi ze bezuelen. Dofir hu mer gesot bei der Kafkraaft direkt eppes ze maachen.”
Am Logement hätt een och eng Rei Initiative geplangt. Och den Ëmwelt- a Klimaschutz wiere wichteg, hei géif et drëms goen, d’Leit matzehuelen, dat d’Analys vum CSV-Generalsekretär. Den Heescheverbuet wier wuel eng kontrovers Diskussioun, et géif drëms goen, de Force de l’ordre déi néideg Moyenen an d’Hand ze ginn. D’Europawale wieren dëst Joer e wichtege politesche Rendez-vous.