
Am leschte Joer huet den ëffentleche Bauträger 98 Wunnengen op de Marché bruecht. D’lescht Joer waren et der just 82, mä 2017 an 18 waren et der 133. Derbäi kommen 178 Projeten, déi geplangt goufen, a méi wéi 300 Logementer, déi an där Zäit am Bau waren.
Donieft geréiert de Fong eppes méi wéi 2.000 Wunnenge mat hire ronn 5.000 Awunner.