Dat seet de President vum Cercle de Coopération, de Luc Siebenaller am Interview mam Michèle Sinner.
Zanter bekannt gouf, datt bei der Caritas iwwer 60 Milliounen Euro geklaut goufen, leien d’Nerven bei allen Acteuren am Secteur e bësse blank, seet de Luc Siebenaller.
“Déi ganz Saach wërft natierlech en däischtere Schied op eise ganze Secteur. Ech mengen, et si lo vill Leit, déi spekuléieren a soen, bei aneren ONGe kéint dat och geschéien, d’selwecht Saache geschéien.”
Hie betount, datt de Secteur ganz gutt opgestallt ass.
“Och déi méi kleng Organisatioune mussen Auditte maachen an hir Konte kontrolléiere loossen an hu streng Prozeduren intern, soss kréie se souwisou keng ëffentlech Gelder zougeschéckt.”
De Luc Siebenaller, bei der ONG “Le soleil dans la main” engagéiert, schwätzt aus Erfarung, wann ee seet, datt d’extern Auditeuren déi ganz Compta auserneenhuelen, d’Konventioune préiwen an:
“Kucken, ob d’Prozeduren agehale goufen, wéi d’Transferte gemaach goufen, ob d’Ënnerschrëfte richteg sinn. An da wann d’Sue bis transferéiert sinn am Partnerland, ginn do och Auditte gemaach vun de Projeten. Déi ginn dann duebel auditéiert, do kënnt nach emol ee vu Lëtzebuerg. An déi kucken och all Piècen a si ruffen den Entreprisen un. Si kucken, wou d’Suen higaange sinn.”
Wa bis gewosst ass, wat geschitt ass, kéint ee kucken, wat een nach kéint verbesseren. Mee hie betount, déi allermeescht Organisatioune géifen eng wichteg a seriö Aarbecht maachen:
“An et kann net sinn, datt e kriminellen Akt eng Valeur wéi d’Solidaritéit einfach zunichte mécht.”
Wat der Caritas geschitt ass, dat kéint schliisslech och an anere Secteure geschéien.
“D’ONGe sinn en Deel vun der Zivilgesellschaft. Mir hu vill Valeuren an eng grouss Ethik, déi mer héich halen. A mir kämpfe fir Mënscherechter, fir méi Dignitéit an d’Welt ze kréien, grad bei deenen, déi ganz ënnen op der Leeder stinn. An dat soll och weidergoen.”
De President vum Cercle de Coopératioun hofft, datt d’Leit den Ënnerscheed kënne maachen.
OGBL: Mataarbechter vun ONG dierfen net Affer vu Finanzskandal ginn