Um Belair an zu WuelessenD'Police mellt nees eng Partie Abréch uechter d'Land an huet zwee Fäll erausgepickt

Andy Brücker
A béide Fäll konnten d'Brigange sech duerch d'Bascht maachen.

E Sonndeg am Nomëtteg hu sech Abriecher am Val Ste Croix um Belair Zougang zu engem Eefamilljenhaus verschaaft, dat warscheinlech iwwert eng Terrassendier. Si hunn e Safe matgoe gelooss.

Och e Sonndeg am Nomëtteg war en Haus zu Wuelessen “An der Deckt” Zil vun Abriecher. Hei goufen e puer Zëmmer duerwullt, ob eppes geklaut gouf, geet net aus den Informatioune vun der Police ervir.

Wéi ee sech preventiv besser virun Abriecher schütze kann, doriwwer informéiert d’Police op hirem Internetsite.

Back to Top
CIM LOGO