
Dëst an der Montée de la Seitert. An deem Kontext sicht d’Police elo no Hiweiser zu de Persounen, déi den Offall entsuergt hunn, respektiv no Zeien, déi nëtzlech Informatiounen zu den Täter kéinten hunn.
Hiweiser solle per Telefon dem Policebüro Dikrech/Veianen ënnert der Nummer (+352) 244 801 000 oder per Mail u police.diekirchvianden@police.etat.lu gemellt ginn.
Eréischt d’lescht Woch hat d’Police ee Mann gepëtzt, dee säin Dreck illegal laanscht ee Bëschwee tëscht Rued/Ell an Uewerkolpech entsuergt soll hunn.