Eng hallef Tonn DreckPolice pëtzt Persoun, déi illegal Knascht am Bësch deponéiert soll hunn

RTL Lëtzebuerg
Der Police ass et gelongen, ee Mann ze identifizéieren, dee säi Knascht illegal am Bësch ofgeluede soll hunn.
© Police

Wéi d’Police en Dënschdeg matdeelt, ginn et nei Detailer an engem Fall vun illegaler Entsuergung vu Knascht an engem Bësch tëscht Rued/Ell an Uewerkolpech. Op enger Längt vu ronn 25 Meter war do Enn Mee oder Ufank Juni Dreck getippt ginn. Miwwelen an ënnert anerem och ee Frigo waren do an d’Natur geheit ginn.

Wéi et Ufank Juni am Zeienopruff geheescht huet, hätt de Schëllege wuel bewosst perséinlech Markéierunge fortgemaach, ier en de Knascht fortgeheit gouf.

E Méindeg konnt d’Police ee Verdächtegen ermëttelen, dat an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Ell an ënnert der Direktioun vum Dikrecher Parquet. D’Beamten hunn de verdächtege Mann e Méindeg ugetraff a hunn en zu de Faite befrot. Et gouf eng Plainte gemaach.

Back to Top
CIM LOGO