Betzder bleift den HaaptsiègeD'SES wëll sech mat Restrukturatiounen a grousse Projete fir d'Zukunft opstellen

Sarah Cames
Zanter ronn engem Joer ass den Adel Al-Saleh neien Direkter bei der SES.
© Sarah Cames

De CEO gesäit an der Zukunft vum Satellittebedreiwer, deen dëst Joer seng 40 Joer feiert, ee Renouveau, fir deen elo d’Fëllement misst geluecht ginn.

Zu Betzder huet hien en Donneschdeg op engem informelle Point presse iwwer déi nei Ausriichtung vum Lëtzebuerger Traditiounsbetrib geschwat, genee esou wéi iwwer d’Zukunft vum Standuert Betzder, déi staark Konkurrenz an de Stellewäert vun der Sécherheet.

Wéi eng Zukunft huet de Standuert Betzder?

Aktuell schaffen zu Lëtzebuerg eng 600 Leit fir d’SES, global sinn et ronn 2.000. Trotz engem Sozialplang fir 68 Employéen, deen am Dezember zejoert ënnerschriwwe gouf, wëll ee bei der SES um Haaptsiège zu Betzder festhalen. Dorop, wéi sech d’Restrukturatioun vum Betrib genee op d’Personal zu Lëtzebuerg géing auswierken, wollt den SES-CEO sech net genee festleeën.

“Mir brauchen Talenter iwwerall, fir kompetitiv ze sinn. A mir sollten net vergiessen, datt Betzder eise Siège ass an dee wäert ëmmer grouss bleiwen.”

Den Adel Al-Saleh betount, datt et fir Mataarbechter vun der SES zu Lëtzebuerg weider eng gutt Zukunft géif ginn an datt “ëmmer” eng 600 Plaze fir de Site zu Betzder géife bestoe bleiwen, och wann d’Opdeelung villäicht an der Zukunft anescht géif ausgesinn.

Onofhängeg vun den Diskussiounen ëm Relokalisatioune vun Aarbechtsplaze, misst d’SES hier Käschte reduzéieren, fir Suen ze hunn, fir ze investéieren.

“Eis Käschte sinn a verschiddene Beräicher ze héichs. Mir brauche méi Sue fir Investissementer. Eng Manéier, fir dat ze erreechen, ass et d’Käschten ze reduzéieren, sou dass ee Sue kann investéieren. Dat huet näischt mam Kaf vun Intelsat oder Indien ze dinn. Mir mussen als Firma méi schlank sinn.”

Am Fall, wou de Kaf vum amerikaneschen Operateur Intelsat géing duerchgoen, wier et iwwerdeems esou, dass een da Posten hätt, déi iwwerbesat wären. Dee Probleem géing sech awer éischter beim Management stellen, ewéi bei den Ingenieuren an dem technesche Personal.

© Sarah Cames

Dräi grouss Projeten iwwert déi nächst Joren

Réckbléckend op dat lescht Joer hätt ee vill grouss Deals ënnerschriwwen. De Kaf vum amerikaneschen Operateur Intelsat, ass ee vun de grousse Projeten, dee bei der SES an noer Zukunft um Plang steet. Nodeems eng éischte Versuch vun enger Iwwernam 2023 wéinst ënnerschiddlechen Usiichten iwwer d’Ausriichtung vum Geschäftsmodell gescheitert ass, gouf am Abrëll zejoert en Deal annoncéiert. D’SES wäert Intelsat fir 2,8 Milliarden Euro kafen.

Am August zejoert huet d’SES déi néideg Dokumenter agereecht, fir den Accord vun der amerikanescher Regulatiounsagence fir de Kommunikatiounssecteur FCC ze kréien. Den Adel Al-Saleh ass der Meenung, dass et realistesch wier, d’Iwwernam am Juni ofzeschléissen. Sollt d’Iwwernam net den Accord vun den Autoritéite kréien, wier dat eng Erausfuerderung, géif awer keng existenziell Menace fir d’SES duerstellen.

Et hätt een aner Optiounen an et hätt een och eng Rei wichteg Ausschreiwunge gewonnen.

Eng dovunner, déi iwwert déi nächst zwielef Joer besonnesch wichteg wäert sinn, ass dass een de Lead vu “SpaceRISE” huet, also deem Konsortium, dee fir d’Europäesch Unioun d’Satellitte-Konstellatioun “IRIS²” bereetstellt an operéiert. Dës Konstellatioun, déi komplett ënner europäescher Kontroll wäert sinn, soll e flächendeckend, verlässlecht a geschützt Kommunikatiounsnetzwierk fir staatlech a kommerziell Cliente bidden.

D’SES wäert 18 sougenannte “Medium earth orbit satelites” zum Netzwierk bäisteieren. D’Kapazitéite vun dëse Satellitte wäert zu 90 Prozent u kommerziell Cliente verkaf ginn. Déi aner 10 Prozent si fir Regierunge reservéiert. Et geet een dovun aus, dass “IRIS²” ugangs 2030 operationell ass.

E weidere wichtege Projet ass de “MEO Global Services Agreement”. Dësen Acord, erlaabt et NATO-Memberen, Kapazitéite vun den “mPower-Satellitte” vun der SES ze kafen, fir dës fir Beobachtungsmissiounen ze notzen.
De Projet geet op e Partenariat tëscht Lëtzebuerg an den USA zeréck. D’Chamber hat zejoert eng Enveloppe vun 190 Milliounen Euro fir de Finanzement vum Projet accordéiert.

Den “Narrativ” änneren

“Et ass onheemlech opreegend, e grousse Kontrakt wéi MGS oder IRIS² ze ënnerschreiwen. Mee d’Aarbecht geet wierklech lass, wann de Kontrakt bis ënnerschriwwen ass. Also do gëtt et vill Aarbecht, duerch déi d’Teams den Ament duerchginn.”

Dës Projete wier wichteg, fir d’Narrativ um Marché ze änneren, dee sech den Ament virop op de Succès vu Starlink konzentréiert. Starlink ass d’Satellitten-Netzwierk vu SpaceX, dat jo dem Milliardär an Trump-Beroder Elon Musk gehéiert.

Ee méi positiven Narrativ iwwer d’SES hätt iwwerdeems nach den Effekt, datt sech den Aktiecours vun der Societéit nees erhuele géif. Aus den Zuelen, déi a ronn zwou Woche presentéiert ginn, géif sech de Wuesstem weisen, ma den Aktiecours géing sech net nëmmen un den Zuele festmaachen.

© Cédric Ferry

Wéi een Impakt huet den Donald Trump am Wäissen Haus?

Ee vun de wichtege Standuerter vun der SES ass nieft Lëtzebuerg och Washington DC. Op d’Fro, a wéi wäit déi nei Regierung an den USA - mam Elon Musk als Beroder vum US-President Donald Trump - kéint een Impakt op d’Operatioune vun der SES hunn, sot den Direkter Adel Al-Saleh:

“Natierlech ass et net besonnesch gemittlech, eise gréisste Konkurrent esou no um US-President ze gesinn, mee de Marché ass oppen, et ass Transparenz do.”

Den Adel Al-Saleh mengt, de System wier souwuel an den USA wéi och an Europa robust genuch, Interessekonflikter ze erkennen a richteg ze handhaben. Iwwerdeems dierft een och net vergiessen, datt den Donald Trump ee vun de gréissten Ënnerstëtzer vum Weltraum-Secteur wier.

“Mir sin eng Zilscheif”

D’Sécherheet ass ee Secteur, dee fir d’SES ëmmer méi wichteg gëtt. “Mir sinn eng essentiel Infrastruktur. Dat mécht eis zu enger Zilscheif”, esou den Direkter vum Satellittenoperateur. Leschte Summer war bekannt ginn, datt een SES-Satellit Zil vun enger russescher Interferenz gi war. “Et ass nei, well d’Press dovunner matkrut, mee et ass net nei”, esou den Adel Al-Saleh. Et wier eppes, wouropper een a sengen alldeeglechen Operatioune misst preparéiert sinn.

Ouni Satellitten am Weltraum wier dat modernt Liewen, wéi een et kennt, net méiglech: Internetverbindungen, GPS, Fluchverkéier, Tëlee an Telekommunikatioun - si all sinn ofhängeg vu Servicer, wéi deene vun der SES.

Am wichtegste fir d’Sécherheet wier d’Kooperatioun tëscht de verschiddenen Acteuren; also de staatlechen Agence vun den alliéierten Natiounen, ma och den anere Satellittenoperateuren. Et wier een am stännegen Austausch doriwwer, wat ee géif observéieren a wat ee kéint géint béiswëlleg Interferenze vu Bausse maachen. Een Deel wier awer och, d’Satellitte vun der neier Generatioun méi resilient géint dës Attacken ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO