De Site LuxConnect zu Beetebuerg gouf als ee vun dräi europäeschen Iris²-Kontrollzenteren ausgewielt.

Bis 2030 soll Iris² Verbindungsservicer mat Hëllef vun 290 Satellitten ubidden.
De 16. Dezember huet d’Europäesch Unioun an der Course géint den Elon Musk offiziell hiren Iris²-Projet lancéiert. Et ass den drëtte Projet Phare vun der EU am Weltraum, no de Galileo- a Copernicusprogrammer.
 
D'Gestioun vun Iris ² gëtt vun der Lëtzebuerger SES, dem Franséischen Eutelsat an dem Spueneschen Hispasat gefouert. Iris²-Kontrollzentre ginn an dräi europäesche Länner installéiert: zu Toulouse am Südweste vu Frankräich, zu Fucino an Zentral-Italien an zu Beetebuerg zu Lëtzebuerg.

De Site LuxConnect zu Beetebuerg gouf ausgewielt, fir d'Haaptfunktioune vum Kontrollzenter ze hosten. De Staat huet och en Terrain vun 2 Hektar zur Verfügung gestallt, deen d'Antennen ënnerhält. LuxConnect wäert och verantwortlech si fir den Ënnerhalt vun den Infrastrukturen.

E Gesetzesprojet fir d’Finanzement gouf an der Chamber virgestallt, fir en Accord vun 154 Milliounen Euro iwwert eng Period vu 25 Joer ze kréien. Dës Zomm berécksiichtegt en alljärlechen Taux vun der Erhéijung vun den Operatiounskäschten, déi op 2,5% geschat gëtt. Och inclus ass d'Possibilitéit de Kontrollzenter ëm 40% auszebauen.

"La présence d’un centre de contrôle IRIS2 au Luxembourg représente un levier important d’opportunités et de croissance économique. Elle favorisera la création de compétences à haute valeur ajoutée et l’attraction de talents", präziséiert de Wirtschaftsministère.

Dësen Zenter wier eng gutt Nouvelle fir de Weltleader an der Satellitekommunikatioun, der Lëtzebuerger SES. Den Adel Al-Saleh, President a CEO vun SES, sot: "Nous sommes ravis d'avoir remporté cet important contrat en tant que partenaire de confiance de la Commission européenne pour ce projet phare visant à concrétiser l'ambition d'un réseau multi-orbites souverain et sécurisé pour l'autonomie des communications stratégiques de l'UE." 

Dës Geleeënheet wäert och d'Lëtzebuerger Kompetenzen am Beräich vun der Kommunikatioun op Basis vu Quantentechnologië stäerken an ass Deel vun der strategescher Entscheedung vun der Regierung fir de Weltraumsecteur als Schlësselpilier an der Diversifikatioun vun der Lëtzebuerger Wirtschaft z'ënnerstëtzen.

Positioun géint den Elon Musk 

D'Europäesch Satellittekonstellatioun erlaabt sécher Kommunikatiounen a Schlësselberäicher ewéi Verdeedegung, dem europäeschen diplomateschen Netzwierk, Krisemanagement an Iwwerwaachung, awer och kommerziellen Zougang zum Internet.

Europa probéiert sech géint dem Elon Musk säin amerikanesche SpaceX ze positionéieren, deen e Virsprong mat Starlink huet an ee vun de weltgréisste Satellitten-Internetubidder ginn ass. Et wier e kompetitive Maart.

Bis Ufank 2024 huet Starlink behaapt, datt se scho méi wéi 6.000 Satellitten an d'Ëmlafbunn gesat hunn, mam Zil am Ganze bal 30.000 Satellitten z'installéieren. Den Iris² Projet erlaabt der Europäescher Unioun onofhängeg ze si vu Starlink (SpaceX) oder Kuiper (Amazon).

De Budget fir Iris² gëtt iwwer 12 Joer op 10,6 Milliarden Euro geschat: 6 Milliarde vun der Europäescher Unioun, 4,1 Milliarde vu privaten Investitiounen an 0,55 Milliarde vun der Europäescher Weltraumagence (ESA).