
Dës Persoun gouf fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht, op Nofro bei der Police gouf präziséiert, dass de Mann net blesséiert gouf an och net an en Accident verwéckelt war. Gläichzäiteg gouf de Mann awer och enger Kontroll ënnerzunn an hei hunn d’Ermëttlungen erginn, dass en europäesche Mandat d’Arrêt géint hie virläit.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum en Donneschdeg am spéide Moie virun den Untersuchungsriichter.