D’Energiehëllefe verlängeren, mee fir wéi laang a fir wien? Doriwwer diskutéieren haut d’Regierung an d’Sozialpartner.
D’CGFP wëll déi aktuell Mesuren onverännert weiderféieren, awer héchstens fir dräi Méint. Firwat déi kuerz Frist? A wiere méi geziilten Hëllefen net méi gerecht?
Dat froen mer de Romain Wolff. De President vun der CGFP ass de Moien, kuerz no 8, eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.