
Op der annoncéierter Pressekonferenz huet d’Gesondheetsministesch confirméiert, dass eng Persoun mat der Omikron-Variant hei am Land detektéiert gouf.
Et wier ee bis ewell verschount bliwwen, mee et wier awer och net verwonnerlech, datt een elo e Fall hätt, vue datt d’Variant sech jo an de Nopeschlänner och scho staark verbreet huet. Den Direkter vun der Santé Dr. Jean-Claude Schmit huet Prezisiounen zum Fall ginn:
“Déi Persoun, déi hei am Land betraff ass, ass eng jonk Fra, déi an enger Botzfirma schafft an déi Firma huet an de leschten Deeg an engem Altersheem am Süde vum Land geschafft. Mir hunn natierlech déi néideg Mesurë geholl. D’Fra selwer huet relativ vill Symptomer an ass elo a medezinescher Behandlung.”
Den Direkter vun der Santé Dr. Jean-Claude Schmit huet ënnerstrach, datt déi néideg Mesurë geholl goufen.Se hat hire Booster awer nach net, well et eng jonk Persoun ass. An do gëtt et d’Diskussioun, ob zwou Impfunge beim Omikron duerginn. Warscheinlech net, et brauch warscheinlech e Booster, fir komplett geschützt ze sinn.”
D’Kannerdoktesch Dr Isabel De la Fuente:
“Ganz einfach well mer si als éischt wollte schützen a well mer e Vaccin hunn, deen disponibel ass a vun der EMA autoriséiert gouf a schonn an anere Länner benotzt gouf. Ufank November huet d’Campagne an den USA schonn ugefaangen, wou an tëscht iwwer 5 Millioune Kanner eng éischt Dose vum Vaccin kruten.”
Virop si Kanner mat chronesche Krankheete viséiert, déi déi Immun-Problemer hunn, entweder vu Gebuert un oder zum Beispill duerch eng Chemio-Therapie:
“Mee och Kanner mat neurologesche Problemer, Kanner mat schlëmmen Häerzproblemer oder Otemproblemer. Och Kanner, déi ënner Obesitéit leiden zielen dozou.”
Vun en Dënschdeg u kënnen d’Doktere via MyGuichet déi concernéiert Kanner melle fir geimpft ze ginn. 18.000 Dose ginn dës Woch an deem Kontext erwaart betount d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert:
“Da si fir Januar 12.000 Dose geplangt. Fir Februar sinn d’Commanden nach net op. Et muss een och wëssen, datt déi Dosen, déi mer elo fir d’Kanner hunn, net zousätzlech zu den Erwuessene kommen. Dat si ganz Contingenten an dofir ënnersträichen ech nach eng Kéier, datt mer no Prioritéite fueren.”
Eng detailléiert Lëscht vun de Kanner, déi als vulnerabel consideréiert ginn, fënnt een um Site vun der Santé.

Wellebriecher - Episod 33: Spezial-Episod mat der Paulette Lenert an Dr. Jean Reuter