Am RTL-Livestream dëse Méindeg um 10 Auer war d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Intensivmedezinner Dokter Jean Reuter bei eis am Studio.

Wisou ass den Drock op net geimpfte Leit elo sou gehéicht ginn? Wisou soll ee sech trotz héijen Antikierper awer nach emol impfe loossen? A wäert et mat 3 Impfungen duergoen oder wéini ass Schluss? Ënnert anerem dat ware Froen, déi e Méindeg am Kader vum Podcast "Wellebriecher" vun eisen Nolauschterer gestallt a vun den Experte beäntwert goufen.

Resumé Wellebriecher/ Reportage Claudia Kollwel

Europa wier op en neits staark vum Virus betraff an dofir misst een esou séier wéi méiglech reagéieren, huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert betount. Mir hu ganz bewosst och déi Annonce vun den neie Mesurë breet erausbruecht. Se sinn nach net en vigueur, mä fréi annoncéiert ginn, a kombinéiert gi mat der Impfwoch, fir schnell kënnen e maximum u Leit nozeimpfen. Mir si matten am Wanter, wou de Virus souwisou méi redoutabel ass.

Och mat enger Impfung wier ee net komplett geschützt, huet d'LSAP Ministesch ënnerstrach. An dofir ass den Test eng gutt Zousazsécherung, déi ee sech kann an d'Gewunnechten huelen. Virun allem mat de Feierdeeg, a wann een ënnert d'Leit geet, bei vulnerabel Leit geet, ass dat ze recommandéieren an eppes, wat mer och fërderen.

An awer wiere geimpfte Leit vill manner ustiechend, dofir géif et och dobäi bleiwen, datt geimpfte Leit net a Quarantän mussen, wa se a Kontakt mat enger positiver Persoun waren: Wa mir jiddereen a Quarantän setzen, huet dat natierlech en enorme gesellschaftlechen Impakt, mat engem méi niddrege Risiko. Et ass näischt 100 Prozent sécher. Et kann een et och weiderginn oder krank ginn, wann ee geimpft ass, mä vill manner. De Risiko ass vill manner héich. An dofir ass déi Decisioun oprecht gehale ginn, well mer als Gesellschaft musse funktionéieren. All eis essentiell Servicer sinn extrem impaktéiert wa vill Quarantäne sinn. Dat vergësst een ëmmer. Et denkt een direkt un den Impakt op d'Gesondheet, mä eis ganz Gesellschaft leit ënnert deene Mesuren. Eis Wirtschaft leit drënner, an dofir brauche mer en Equiliber.

De komplette Wellebriecher - Episod 33 am Audio

Och wann engem seng Antikierper immens héich wieren, sollt ee sech dem Tom Dentzer vun der Direktioun vun der Santé no awer impfe loossen, well dat einfach net genuch ausseet. Déi sinn een Deel vu der Immunitéit, wou d'Antikierper de Virus am Fong blockéieren, fir datt en net méi an d'Zellen erageet. Mä en Haaptdeel vun der Immunitéit sinn T-Zellen, also Killer-Zellen, an déi Aktivitéit moosse mer net. Mir hu kee Seuil definéiert, deen eis seet, ob ee geschützt ass oder net. An da kënnt dobäi, datt et vill verschidden Antikierper ginn. Et muss een déi neutraliséiert Antikierper hunn, déi héich sinn, dann ass ee besser geschützt, mä dat kënne mer net sou einfach bei de Leit feststellen.

Den Tom Dentzer huet och betount, datt warscheinlech en éischte Fall vun der Omikron Variant zu Lëtzebuerg detektéiert gouf, dat misst awer e Méindeg oder Dënschdeg nach confirméiert ginn, ma d'Booster-Impfung géif gutt géint déi Variant hëllefen. An dat ass och de Grond, firwat mer soen: Kommt iech elo booste loossen. Virun allem déi al a vulnerabel Leit an da gi mer mam Alter erof. Mä nach emol: Et kann een net ze vill geimpft sinn!

D'Zuelen op der Intensivstatioun am CHL wieren iwwert déi lescht Deeg relativ stabel gewiescht, dat huet den Intensivmedezinner Dokter Jean Reuter ënnerstrach. Hien huet betount, datt am CHL zanter dem Summer wuel eng Partie Leit op der Intensivstatioun gelant sinn, déi geimpft waren, wouvun zwee Leit gestuerwe wieren. Déi grouss Majoritéit vun de geimpften, déi bei eis landen, an net an enger enormer Immuno-Depressioun sinn, déi bleiwe wärend puer Deeg. An aner Covid-Patiente bleiwe wärend Wochen oder souguer bis zu 3 Méint, ier se kënne raus. Déi geimpften, zum groussen Deel, wann se e schwéiere Verlaf hunn, sinn dacks no 4 bis 5 Deeg besser a kënnen dann erëm eraus.

Resumé Wellebriecher - Episod 33
Am RTL-Livestream dëse Méindeg um 10 Auer war d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Intensivmedezinner Dokter Jean Reuter bei eis am Studio.