CGDIS-Ekippen am AsazEng Camionnette huet zu Walfer gebrannt, ee Camion um Sennengerbierg

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS goufe vun en Dënschdeg op e Mëttwoch op dräi Asätz wéinst Bränn geruff. An zwee Fäll hu Gefierer gebrannt.

Een éischten Asaz gouf et deemno géint 20:50 Auer fir d'Pompjeeë vu Biissen. Hei hat an der Strooss "Op der Poukewiss" eng Sécherungskëscht gebrannt.

Géint 21:59 Auer waren d'Pompjeeën aus der Stad, vum Findel a vum Zenter Nidderaanwen-Schëtter op de Sennengerbierg geruff ginn, well hei e Camion Feier gefaangen hat.

An der Nuecht géint 2:43 Auer waren d'Pompjeeë vum Zenter Steesel-Walfer wéinst enger Camionnette a Brand op Walfer an d'Rue de la Gare geruff ginn.

An alle Fäll blouf et beim Materialschued an et gouf kee blesséiert.

Eng Camionnette huet zu Walfer gebrannt, ee Camion um Sennengerbierg
D'Ekippe vum CGDIS goufen op zwee Bränn geruff.

Back to Top
CIM LOGO