De CGDIS deelt matDräi Blesséierter an Accidenter op der A1 an der A13

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg koum et zu zwee Accidenter op eisen Autobunne mat am Ganzen dräi Blesséierten.
Duerch den Accident op der A1 waren déi riets Spuer an d'Pannespuer blockéiert.
© RTL Mobile Reporter

En Dënschdeg de Mëtteg géint 12:30 Auer sinn op der A13 tëscht Altwis a Fréiseng dräi Autoen aneneegerannt. Zwou Persounen hu Blessuren dovu gedroen. D'Pompjeeë vu Fréiseng, Munneref a Réimech, souwéi d'Ambulanze vun Diddeleng a Réimech waren op der Plaz.

Knapps zwou Stonne méi spéit, um 15:20 Auer, huet et eng weider Kéier op de Stroosse gerabbelt. Op der A1 tëscht dem Tunnel Cents an dem Rond-point Iergäertchen ass et zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoe komm. D'Rettungsekippen aus der Stad hu sech em ee Blesséierten gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO